Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg

Dës Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren ass en Deel vun de Referenztabellen.

Bis ewell [Wéini ?] goufen am Ganze 543 sou Monumenter repertoriéiert.[1][2]

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an de meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéierten, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler. 1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter doru bäikomm.[2]

Monumenter fir alliéiert Zaldote spigelen d'Krichgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.[2]

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf se alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Net matgezielt sinn ë. a. Monumenter baussent Lëtzebuerg.
  2. 2,0 2,1 2,2 Cf. Sonja Kmec, Benoît Majerus: "Monuments de la Deuxième Guerre mondiale." In: Patrick Bousch, Tobias Chilla, Philippe Gerber, Olivier Klein, Christian Schulz, Christophe Sohn, Dorothea Wiktorin (Ed.): Der Luxemburg Atlas du Luxembourg. emons Verlag, 2009, S.28-29. http://hdl.handle.net/10993/416
  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.