De Klenge Maarnicher Festival

De Klenge Maarnicher Festival ass e Museksfestival, deen zanter 1987 organiséiert gëtt. E gouf vun der Fanfare Helleg Cecilia vu Maarnech-Rueder an d'Liewe geruff a gëtt zanter 1996 vun enger A.s.b.l. organiséiert.

2014 gouf de Concert an der Klouschterkapell vum Trio Louvigny zesumme mat der Anne Börgmann gespillt.

Haaptzil vum Festival ass et, de Museker aus Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ze ginn, opzetrieden an d'Offer vu Concerten am Norde vum Land ze vergréisseren. All Joer trieden nieft lëtzebuergeschen Artisten och bekannten auslännesch Museker op.

Gespillt gëtt an de Kierche vun Dasburg (D), Dahnen (D), Daleiden (D), Heischent, Housen, Maarnech an Ëlwen.
An der Kapell vum Klouschter Fünfbrunnen ass e Gedenkconcert fir d'Affer vun der Shoah.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: De klenge Maarnicher Festival – Biller, Videoen oder Audiodateien