Elsass

Regioun vu Frankräich
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Elsass
Land Frankräich
Departementer Haut-Rhin (67), Bas-Rhin (68)
Prefecture Stroossbuerg
Awunner 1 794 000
Bevëlkerungsdicht 217 Aw./km²
Fläch 8 280 km²
Arrondissementer 13
Kantonen 75
Gemengen 904

Den Elsass, (Alsace op Franséisch, s'Elsass op Elsässesch, das Elsass op Däitsch), ass eng fréier franséisch Regioun déi aus den zwéin Departementer Haut-Rhin a Bas-Rhin bestoung.

Déi germanesch a franco-romanesch Dialektgruppen am Elsass

En ettlech Leit am Elsass, besonnesch um Land, schwätzen nach ëmmer een däitschen Dialekt, an an der Regioun ginn och haut nach al "däitsch" Bräich gefleegt, wat dem Gebitt eng gewëssen Eegenaart bannent dem franséischen Ensembel gëtt.

Am Kader vun enger territorialer Reform gouf den Elsass mat Loutrengen, a Champagne-Ardenne den 1. Januar 2016 zu enger neier, méi grousser Regioun fusionéiert, déi ewell den Numm Grand Est huet.

Geschichtlech Anekdoten änneren

Den Hans Georg vun Zedlitz, ee vun den deemolege Stroossbuerger Stadmeeeschteren a Mann vun der Maria Esther vu Müllenheim, huet am Joer 1681 versicht Hëllef aus dem Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun géint d'Zaldote vum franséische Kinnek Louis XIV. ze kréien, mä ëmsoss. Sou ass den 30. September 1681 déi bekannt Kapitulatiounsurkund vun Illkirch ënnerschriwwe ginn, an d'Elsass ass vum Räich of u Frankräich gefall.

Den Territoire de Belfort huet fréier och zum Elsass gezielt.

Autonomismus änneren

Am Elsass gëtt et scho laang eng gewëssen Traditioun vun Autonomismus. Et däerf ee s'awer net iwwerschätzen, well déi allermeescht Elsässer sinn zefridde mat hirer franséischer Nationalitéit.

Och tëscht 1871 an 1918, wéi d'Elsass mat engem Deel vu Loutrengen als Reichsland zu Däitschland gehéiert huet, hunn d'Elsässer gréisstendeels, grad wéi hir gewielte Vertrieder am franséische Parlament, vehement géint d'Annexioun protestéiert. Ganz vill hunn och mat hire Féiss géint Däitschland gestëmmt: si si fortgezunn, fir sech an der "France de l'intérieur" néierzeloossen an deemno weiderhi Fransousen ze bleiwen.

Ënner déi wéineg Autonomisten oder souguer Separatisten, mësche sech leider och mol aner, extremistesch Aktivisten. Sou huet d'franséisch Regierung 1993 eng Neonazi-Grupp opgeléist, déi "Heimattreuen-Vereinigung Elsass" geheescht a mat däitsche Schwësterorganisatioune geschafft huet [1].

Den 31. Oktober 2009 ass déi regionalistesch Partei Unser Land - Le Parti Alsacien gegrënnt ginn, déi d'Zil verfollegt, d'Elsass z'eenegen an onofhängeg ze maachen.

Literatur änneren

  • Michael Erbe, Das Elsass - Historische Landschaft im Wandel der Zeiten ; Stuttgart, 2002.
  • Georges Bischoff (mam Christophe Simon a mam Zeechner Jacques Martin), Histoire d'Alsace ; Stroossbuerg (La Nuée Bleue & DNA), 2001; ISBN 2-7165-0438-5
  • Kollektiv (~50 Auteuren), Alsace, terre rhénane, porte de l'Europe ; Revue Historiens & Géographes, Nr. 347 / Februar 1995 ; 498 Säiten; ISSN 004675X
  • L. Sittler, L'Alsace, terre d'histoire ; Colmar, 1972.
  • Ph. Dollinger, J.-J. Hatt, F. L'Huillier, G. Livet, R. Marx & F. Rapp, Histoire de l'Alsace ; Toulouse (Privat), 1970.
 
 
Kapitulatiounsurkund vun Illkirch

Um Spaweck änneren

Commons: Elsass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort vum 2. September 1993