Centre de documentation et de recherche sur la Résistance

Dokumentatiouns- a Fuerschungszentrum iwwer d'Geschicht vun der Resistenz zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich

De Centre de documentation et de recherche sur la Résistance (CDRR) ass e lëtzebuergeschen Dokumentatiouns- a Fuerschungszentrum iwwer d'Geschicht vun der Resistenz zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich, deen an der Villa Pauly an der Stad Lëtzebuerg säi Sëtz huet.

D'Villa Pauly, Sëtz vum CDRR.

De Fong vum Zentrum besteet aus ronn 2000 Publikatiounen zum Theema (Bicher, Zäitschrëften, Artikelen), a ronn 4000 Zäitdokumenter (z. B. d'Akte vu Prisonéier, Karteien, Géigestänn,...), déi zanter 1967 vum Conseil national de la Résistance (CNR) zesummegestallt gi waren. De CNR gouf 2003 duerch e Gesetz a Comité directeur du souvenir de la Résistance (CDSR) ëmbenannt an dem Staatsministère ënnerstallt. Do derbäikomme ronn 10.000 Bicher, déi den Historiker Émile Krier,[1] deen 2002 gestuerwen ass, dem CDRR hannerlooss huet. Dës sinn nach am Gaang, katalogiséiert a klasséiert ze ginn.[2]

Direkter ass zanter 2003 de Paul Dostert.

Et kann een, wann ee sech am Viraus ugemellt huet, Bicher op der Plaz konsultéieren.

Am Juni 2015 huet de Staatssekretär am Bildungsministère Marc Hansen bekannt ginn, datt de CDRR 2016 mat anere Fuerschungszentren an Deeler vun der Uni Lëtzebuerg zu engem neien Institut fir Zäitgeschicht zesummegeluecht soll ginn.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Rapport d'activité 2009 du Ministère d'État, S. 82
  2. Nathalie Rovatti: "Das Andenken bewahren. Historisches Material über ein dunkles Kapitel Luxemburger Zeitgeschichte." Luxemburger Wort 9. Juni 2007, S.34.
  3. dvv/Tageblatt.lu: "Zeitgeschichte wird erforscht." In: tageblatt 6. Juni 2015, S. 13.