Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit

Monument fir déi Doudeg vum Zweete Weltkrich, d'Resistenz an d'Solidaritéit géint den Nationalsozialismus zu Lëtzebuerg

D'Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit ass an der Stad Lëtzebuerg um Kanounenhiwwel. Et soll un déi Doudeg vum Zweete Weltkrich erënnere sou wéi un d'Resistenz zu Lëtzebuerg géint den Nationalsozialismus an un d'Solidaritéit vum Lëtzebuerger Vollek géint d'Nazi-Besatzung vum Land.

Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Kanounenhiwwel
Koordinaten 49°36'25,556"N, 6°8'3,260"O
Ageweit 10. Oktober 1971
Kënschtler François Gillen
Architekt René Mailliet
De Groussherzog Henri stëppelt am Éiwege Feier um Nationale Kommemoratiounsdag 2016.

Op Initiativ vum deemolege Premier Pierre Werner gouf 1968 eng Kommissioun agesat déi ënner dem Virsëtz vum Georges-Henri Pingusson, Professer an der École des Beaux-arts zu Paräis, de Projet vum Kënschtler François Gillen a vum Architekt René Mailliet ausgewielt huet. Mam Bau gouf den 3. Mee 1971 ugefaangen an d'Monument konnt schonn den 10. Oktober 1971, um Joresdag vun der avortéierter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 inauguréiert ginn.

Virum Monument brennt en éiwegt Feier. De bannenzegen Haff mat Pavé, dee fir de Public net méi zougänglech ass, symboliséiert d'Prisongen, d'Konzentratiounslager an d'Kasären. An der Kapell, och scho mol Krypta[1] genannt, steet en einfachen onbehaene Stee fir d'Affer vum Krich an eng Urn mat Buedem vu Słońsk, déi un de Massaker am KZ Sonnenburg erënnere soll.

Literatur

änneren
  • Joseph Petit, 1972. Le Monument National de la Solidarité Luxembourgeoise pendant la deuxième Guerre Mondiale. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 127 S.
  • Jean-Louis Scheffen, 2021, Prüfstein nationaler Solidarität, Vor 50 Jahren wurde auf dem "Kanounenhiwwel" das "Monument national de la solidarité luxembourgeoise" eingeweiht. Es sollte an die Kriegsopfer und an den Widerstandsgeist des luxemburgischen Volkes gegenüber der nationalsozialistischen Besatzung erinnern. Doch auch sein Bau 1971 stellte das Gemeinschaftsdenken auf die Probe. Luxemburger Wort, 7. Oktober 2021, Die Warte, 27|2698, S. 2-5

Kuckt och

änneren
  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf

Um Spaweck

änneren
Commons: Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Monument National de la Solidarité Luxembourgeoise à Luxembourg-Ville op der Websäit vum Centre de Documentation et de Recherche sur l'enrolement forcé