Monument aux morts Capellen

Monument zu Éiere vun den Affer aus dem Zweete Weltkrich

D'Monument aux morts zu Capellen ass e Monument zu Éiere vun den Affer aus dem Zweete Weltkrich. Et steet laanscht d'Areler Stroos bei der Kierch.

Monument aux morts Capellen
Monument aux morts zu Kapellen. Riets d'Paschtoueschhaus.
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Mamer
Plaz Capellen
Koordinaten 49°38'42,7"N, 5°59'18,6"O
Ageweit 1953
Material Steen
Kënschtler Lucien Wercollier
Architekt Roger Wercollier
De Relief vum Lucien Wercollier

D'Monument gouf 1953 ageweit.

Architekt vum Monument war de Roger Wercollier. Säi Brudder, de Lucien Wercollier, huet de Relief sculptéiert. D'Monument gouf vun der Entreprise Olinger opgeriicht[1].

D'Monument änneren

Et besteet aus enger Mauer aus Hasteng, an déi e Steeblock mat engem Relief agebaut ass. Op béide Säite féiert jee eng Trap erop. Hanner dem Monument stinn eng Bichenheck an zwéin Zigarebeem (Catalpa sp.).

De Relief besteet aus zwou Fraen déi traueren, woubäi déi eng hire Kapp op där anerer hir Schëller leet. Béid halen e Lorberkranz an der Hand.

Dëse Relief vun 1953 ass eng vun deene leschte stiliséiert-figurative Skulpturen déi de Lucien Wercollier geschaaft huet, ier hie ganz zur abstrakter Skulptur iwwergaangen ass.

Owes ass d'Monument beliicht.

Fotoen änneren

Kuckt och änneren

  • Artikele mat anere Skulpture vum Lucien Wercollier: kuckt Lucien Wercollier.
  • Nationaalt Streikmonument zu Wolz: eng aner Zesummenaarbecht vum Roger a Lucien Wercollier.
  • Réimeschen Zillenuewen op der anerer Säit vun der Areler Strooss: kuckt Capellen.
  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf

Um Spaweck änneren

Commons: Monument aux morts Capellen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Riets ënner dem Relief ass dat heiten agravéiert: Arch R WERCOLLIER - Sculpt L WERCOLLIER - Constr E (oder F) OLINGER