Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé

De Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé, ofgekierzt CDREF, war e staatlechen Dokumentatiouns- a Fuerschungszenter iwwer d'Zwangsrekrutéierung am Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg. E gouf duerch d'Gesetz vum 4. Abrëll 2005 an d'Liewe geruff[1].

Déi fréier Gare vun Hollerech
Plack riets op der Fassad vun der fréierer Gare

Den Zenter hat zanter 2008 säi Sëtz zu Gaasperech an der rue de la Déportation an der Stad Lëtzebuerg, am Gebai vun der fréierer Gare vun Hollerech

Ufank 2010 gouf am Zenter eng ëffentlech Bibliothéik a Mediathéik opgemaach[2].

Den Zenter ënnerstoung dem Staatsministère. Direkter war zanter 2006 de Steve Kayser.

Am selwechte Gebai waren och nach ënnerbruecht:

Am Juni 2015 huet de Staatssekretär am Bildungsministère Marc Hansen bekannt ginn, datt de CDREF 2016 mat anere Fuerschungszentren an Deeler vun der Uni Lëtzebuerg zu engem neien Institut fir Zäitgeschicht zesummegeluecht soll ginn[3]. Den Zenter gouf dunn 2016 ofgeschaaft an duerch de Comité pour la mémoire de la Deuxième guerre mondiale ersat[4].

Missioun vum Centre änneren

Am Gesetz vun 2005 waren och d'Missioune vum Centre festgeluecht:

  • D'Opsichen, d'Archivéieren, d'Konservéieren an d'Presentatioun vun der Dokumentatioun iwwer d'Zwangsrekrutéierung am Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg;
  • d'Organisatioun an d'Ënnerstëtzung vun der historescher Fuerschung iwwer d'Zwangsrekrutéierung zu Lëtzebuerg;
  • d'Erënnerung un d'Zwangsrekrutéierung lieweg halen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Loi du 4 avril 2005 portant création (...) d'un Centre de Documentation et de Recherche sur l'Enrôlement forcé op legilux.lu; gekuckt de. Abrëll
  2. Luxemburger Wort 13./14. Februar 2010, S. 26-27.
  3. dvv/Tageblatt.lu: "Zeitgeschichte wird erforscht." In: tageblatt §. Juni 2015, S. 13.
  4. Loi du 21 juin 2016 portant création d'un Comité pour la mémoire de la Deuxième guerre mondiale et (...) abrogation de la loi du 4 avril 2005 portant création (...) d'un Centre de Documentation et de Recherche sur l'Enrôlement forcé op legilux.lu, gekuckt de 4. Abrëll 2020