Haaptmenü opmaachen
Déi fréier Hollerecher Gare.

Den Deportatiounsmemorial (Mémorial de la déportation) ass eng Erënnerungsplaz zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg, zu Éiere vun den Zwangsrekrutéierten, den Deportéierten aus politesche Grënn an de Judden, déi Affer am Zweete Weltkrich waren.

De Memorial ass am Rez-de-chaussée vun der fréierer Hollerecher Gare ënnerbruecht, vu wou aus déi Deportéiert mam Zuch fortbruecht goufen. De Memorial ass de Sëtz vum Dokumentatiouns- a Recherchezentrum iwwer d'Zwangsrekrutéierung (Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé), dee vum Staatsministère ofhänkt. Den Direktiounskomitee fir d'Erënnerung un d'Zwangsrekrutéierung (Comité directeur pour le souvenir de l'enrôlement forcé) an d'Fondatioun vum Deportatiounsmemorial (Fondation du Mémorial de la déportation) hunn och do hire Sëtz.

Nieft der Gare steet de Monument de la déportation civile et militaire.

GeschichtÄnneren

D'Hollerecher Gare war während der Besatzung vu Lëtzebuerg duerch Nazi-Däitschland (Mee 1940 - September 1944), eng vun den Haaptsammelplazen, vu wou aus jonk Zwangsrekrutéiert an de Reicharbeitsdienst an an d'Wehrmacht geschéckt goufen, an och vun dausende vu Lëtzebuerger, déi ëmgesidelt goufen, d. h. an den Oste vun Däitschland hu misse wunne goen, well se politesch onerwënscht waren.

D'Zich mat deenen een Deel vun der jiddescher Bevëlkerung vu Lëtzebuerg a Ghettoen oder Doudeslager geschéckt gouf, sinn net vun der Hollerecher Gare, mä vun der Gare de marchandises um leschte Steiwer zu Bouneweg fortgefuer.[1]

LiteraturÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. P. Dostert 1998.

FotoenÄnneren