Fënnefbuerer Millen

fréier Millen um Lieu-dit Pafemillen

D'Fënnefbuerer Millen[1] ass eng fréier Millen um Lieu-dit Pafemillen. Se läit op enger Héicht vu 403 Meter am Dall vun der Wolz laanscht d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen.

D'Millen am September 2013.

Geschicht änneren

1859 gëtt se an engem Dokument ernimmt wéi e gewësse Jean Strasser vun do eng Autorisatioun ugefrot huet fir zousätzlech zu senger Uelegmillen eng Fruuchtmillen dobäi opzeriichten. Hien hat sech op eng Konzessioun beruff, déi e Jean Weinandy vu Lelleg 1829 kritt hätt. Iwwer déi Konzessioun konnt deemools awer näischt erëmfonnt ginn, soudatt ugeholl gëtt datt dem Weinandy seng Demande am Chaos vun der Belscher Revolutioun ënnergaange wier an datt de Weinandy d'Millen ouni déi néideg Erlabnes gebaut hätt.

Géint Enn vum 19. Joerhonnert hätt d'Millen engem Paschtouer gehéiert an 1904 gëtt e Johann Heinrich Urbin als Mëller genannt, vun deem awer net gewosst ass ob hie Piechter war oder ob d'Millen him mol gehéiert hat, well 1903 gëtt se mam Uwiese ronderëm vun der Famill Émile Prüm vu Klierf un déi däitsch Uerdensprovënz vun den Häerz-Jesu Patere verkaaft. Déi loossen 1907 do hiert Klouschter Fünfbrunne bauen.

D'Waasserkraaft vun der Mille gëtt vun do u benotzt fir Elektrizitéit ze produzéieren. Nom Zweete Weltkrich fält d'Mille mat der ganzer Proprietéit un d'belsch-lëtzebuergesch Provënz vun deem Uerden. D'technesch Installatioune goufen aus der Mille geholl, déi dunn als Schapp benotzt gouf, ma lues awer sécher verfält.

Nom Tessy Glodt wier d'Millen awer méi al. Si schreift:

"...eng haut zerfale Bannmillen, fréier Propriétéit vu St. Maximäin bei Tréier a spéider dem Ëlwener Paschtouer".[2].

Dat géif dann den Numm Pafemillen erklären.

Quell änneren

  • Erpelding, Émile, Die Mühlen des Luxemburger Landes; Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1981

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Fënnefbuerer Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Sou beim Émile Erpelding genannt. Op Däitsch gëtt hie Fünfbrunner Mühle alternativ Ölmühle oder Pfaffenmühle un.
  2. Kierchtuermspromenaden: Fünfbrunnen (Pafemillen)