D'Borne du Passeur zu Péiteng ass e Monument zu Éiere vun de Passeuren a Filieristen aus dem Zweete Weltkrich.

Borne du Passeur zu Péiteng

Op Initiativ vun der Union nationale des passeurs et filiéristes luxembourgeois an dem Syndicat d'initiative vu Péiteng gouf e Monument opgeriicht an den 28. Mee 1961[1] a Presenz vum Groussherzog Jean ageweit.

Um Ufank stoung et do, wou d'Kierchstrooss an d'Kuerstrooss zesummekommen. 1996 gouf d'Borne um ale Kierfënt nieft der Péitenger Kierch opgestallt.

Referenzen änneren

  1. Websäit vun der Gemeng Péiteng Archivéiert op 2014-02-03. Gekuckt de(n) 2011-02-13.