Gare Péiteng
D'Gare vu Péiteng ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit südlech vum Zentrum vu Péiteng, an der Gemeng mam selwechten Numm. D'Gare gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange (tëscht der Gare Nidderkuer an der Gare Rolleng),
- Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange (tëscht der Gare Nidderkuer an der Gare Rolleng),
- Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Rodange - Attem / Lonkech (tëscht der Gare Nidderkäerjeng-Suessem an der Gare Rolleng).
![]() Den Dosto 012 an der Gare Péiteng | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1873 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Péiteng |
Uertschaft | Péiteng |
Koordinaten | 49°33'14,60"N, 5°52'47,12"O |
Héicht i. M. | 293 m |
Reseau | |
Statiounscode | P |
Bedreiwer | CFL |
Linn(en) | Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng, CFL-Linn 7 |
P.K. | 0 km, 15,7 km, 20,4 km |
Gleiser mat Quai | 3 |
Passagéier/Joer | 1.705.457 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Nidderkäerjeng-Suessem, Gare Rolleng, Gare Nidderkuer |
![]() | |

D'Gare vu Péiteng huet e gratis Park & Rail-Parking mat 502 Parkplazen an eng speziell Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.
Bis den 23. September 1967 war d'Gare vu Péiteng en Terminus vun der Atertlinn.
Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg sinn d'Guichete vun der Gare Péiteng den 1. Mäerz 2020 fir zerguttst zougemaach ginn[1].
Den 13. Juni 2022 gouf proposéiert, d'Voyageurs-Gebai vun der Gare als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[2]
Zich déi an der Gare halen
änneren(Stand: Februar 2025)
Aller
ännerenAus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodangeänneren | ||||||
Lëtzebuerg | Nidderkuer | RB | Gare Rolleng oder
Terminus |
Rodange oder
Péiteng | ||
Lëtzebuerg | Déifferdeng | RE | ||||
Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodangeänneren | ||||||
Ëlwen | Déifferdeng | RE | Rolleng | Rodange | ||
Miersch | Nidderkuer | RE | Terminus | Péiteng | ||
Lëtzebuerg ↔ Rodange ↔ Attem / Lonkechänneren | ||||||
Lëtzebuerg | Schuller | RB | Rolleng | Attem | ||
Lëtzebuerg | Nidderkäerjeng-Suessem | RE | Rodange | Lonkech |
Retour
ännerenJeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gare Péiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ (fr)Mobilité: La plupart des guichets CFL du pays vont disparaître dès le 1er mars 2020. infos.rtl.lu (30.07.2019). Gekuckt de(n) 10.02.2025.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2025).