Germaine Simon

lëtzebuergesch Doktesch a Schrëftstellerin

D'Germaine Simon, gebuer de 27. Februar 1921 zu Paräis a gestuerwen den 9. Abrëll 2012[1], war eng lëtzebuergesch Doktesch a Schrëftstellerin.

Germaine Simon
Gebuer 27. Februar 1921
Gestuerwen 9. Abrëll 2012
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Schrëftsteller
Lucilinburhuc, 2. Oplo (2009)

D'Germaine Simon ass zu Péiteng an d'Primärschoul gaangen. No hirem Premièresexamen am Meedercherslycée an der Stad am Joer 1940, huet si Medezin an Däitschland (Bonn, Tübingen) studéiert, duerno zu Paräis an an der Charité zu Berlin, wou si 1948 hire Studium ofgeschloss huet. Si huet duerno nach zu Paräis en Diplom an der Tropemedezin gemaach. No engem kuerzen Openthalt an den USA huet si ufanks am Diddelenger Spidol geschafft (hire lëtzebuergeschen Diplom hat si den 1. Dezember 1954 kritt[2]). De 16. Januar 1956 huet si zu Péiteng hir eege Praxis opgemaach,[3]; do huet si bis 1995 praktizéiert.

D'Germaine Simon ass d'Autorin vun e puer literareschen, deels autobiographeschen, deels historesche Wierker.

Publikatiounen änneren

  • Schicksal einer Ärztin: 1940-1988: Roman. - Luxemburg: Sankt-Paulus-Druckerei, 1989. - 279 S.
  • Der fliegende Arzt: und andere Märchen = Le médecin volant: et d'autres contes / geschrieben und übers. von Germaine Simon ; ill. von Roger Bour. - [S.l.]: G. Simon, 1990, Luxembourg, Impr. Saint-Paul. - 96 S.
  • In den Ardennen (1943-1944): und andere Novellen. - Christnach: Ed. Émile Borschette, 1992, Luxemburg, impr. Worré-Mertens. - 149 S.
  • Lucilinburhuc: Steinzeit bis Neuzeit: historischer Roman. 1. Auflage. - [S.l.]: G. Simon, 1994, Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei. - 455 S.
  • Lucilinburhuc: Steinzeit bis Neuzeit: historischer Roman. 2. Auflage. - [S.l.]: G. Simon, 2009, Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei. - 461 S.

Literatur änneren

  • Conter, Claude: Simon, Germaine. In: Luxemburger Autorenlexikon. Online-Versioun. Stand: 1. Oktober 2011. [3] [opgeruff de 14. Abrëll 2012]. (de)

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort 2012, Nr. 91 (17. Abrëll), S. 41 (Avis mortuaires. — Am Luxemburger Wort 2012, Nr. 89 (14. Abrëll), S. 62 (Avis mortuaires) steet: 7 Abrëll.
  2. Liste générale des personnes autorisées à exercer dans le Grand-Duché une branche de l´art de guérir ou une profession qui s´y rattache. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg No. 9, 17 février 1956, S. 267. [1]
  3. Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3/3 (S-Z). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1479. — Déi offiziell “date d'installation” war den 3. Januar 1956 (Listes des médecins et des médecins-dentistes établis au Luxembourg au 15 janvier 2007. Mémorial, Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg, Recueil administratif et économique, B – N° 15, 6 mars 2007, S. 214). [2]

Um Spaweck änneren

  • Mir gratuléieren! In: Meng Gemeng, Abrëll/Mee 2011, Péiteng, S. 13 (de Péitenger Schäfferot huet der Dr. Germaine Simon fir hiren 90. Gebuertsdag gratuléiert). [4]