D'Rangéiergare Péiteng ass eng fréier Rangéiergare, déi nach just benotzt gëtt, fir eidel Waggonen ze garéieren an ze rangéieren a fir den Atelier vu Péiteng ze bedéngen.

D'Rangéiergare vu Péiteng.

Se huet en Oflafbierg a besteet aus 12 Formatiounsgleiser. Donieft gëtt et nach 5 Garagegleiser. Duerch d'Reorganisatioun an d'Kreatioun vun CFL-Cargo, wouran den Atelier an den Triage agegliddert goufen, ass déi zukënfteg Bestëmmung vun der Rangéiergare nach ongewëss. Ausserdeem huet den Triage dee groussen Nodeel, datt e nëmme vun enger Säit aus accessibel ass.

Den Oflafbierg (ausser Betrib)

Well et, wéinst enger schlechter Gleisgeometrie, beim Ofdrécken iwwer den Oflafbierg dacks zu Entgleisunge komm ass, gëtt dësen zanter dem 1. Januar 2005 net méi profitéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren