Den Alphonse Nothomb, gebuer den 13. Juli 1817 zu Péiteng um Schlass a gestuerwen de 14. Mee 1898 och do, war e belsch-lëtzebuergesche Jurist a Politiker. Hie war néng Joer laang belsche Staatsminister.

Alphonse Nothomb
Gebuer 13. Juli 1817
Péiteng
Gestuerwen 14. Mee 1898
Péiteng
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Politiker, Affekot, Riichter

Säi Liewen änneren

Seng Eltere waren den Dominique Antoine Nothomb an d'Hélène Schouweiler. Op sengem Gebuertsakt heescht hie Jean-Pierre Dominique Ambroise Camille Alphonse Nothomb.

Hien huet an der Belsch an zu Berlin Droit studéiert, a sech dunn zu Arel als Affekot etabléiert, a gouf geschwënn duerno, 1839, zweete Procureur um Areler Bezierksgeriicht. Mat 25 Joer gouf en dunn 1842 Procureur zu Neufchâteau. 1853 gouf e Substitut un der Cour d'Appel zu Bréissel.

1855 gouf den Nothomb belsche Justizminister an der Regierung Pierre de Decker (bis 1857). Duerno, vun 1859 bis 1884, war en Deputéierte vun Turnhout am belsche Parlament. Vun 1884 bis 1893 war hie Staatsminister. 1894 huet hie vum Kinnek Leopold II. den Titel vu Baron kritt. Vun 1894 bis zu sengem Doud war hie Senateur vun der Provënz Lëtzebuerg.

Als Chef vun der jonker chrëscht-demokratescher Partei war hien engersäits bei der Gauche an anerersäits bei der jiddescher Finanzwelt net gutt ugesinn. Hien huet ëmmer d'Interesse vun de Bierger vertrueden, war awer och e grousse Verfechter vum Kinnek Leopold II. senger Kolonialpolitik an Afrika. Hie war iwwerzeegt datt de Katholizismus an d'Fräiheet onzertrennlech matenee verbonne wieren. Als gleewege Katholik huet hien der Gemeng Péiteng 20.000 Frang gestëft fir den Neibau vun der Parkierch ënner der Konditioun datt d'Gemeng him a senge Nokommen op éiweg Zäiten eng Grafkonzessioun géif reservéieren.

Als passionéierte Jeeër an Naturfrënd ass hie Lëtzebuerg ëmmer trei bliwwen an huet säi Liewe laang zu Péiteng op sengem Schlass gewunnt.

Hie gouf de 7. Dezember 1847 mat der Guillaumine Pescatore bestuet, déi ee Joer virun him stierwe sollt. Si hate sechs Kanner. Dat eelst, d'Hélène, huet 1869 de Baron Hippolyte d'Huart, Besëtzer vun der Lonkecher Schmelz a vun der Lonkecher Faïencerie, bestuet. Déi aner fënnef Kanner hunn hiert Liewen an der Belsch gemaach.

1908 hunn d'Ierwen d'Péitenger Schlass fir 60.000 Frang un d'Gemeng verkaaft.

Den Alphonse Nothomb war den Hallefbrudder vum Jean-Baptiste Nothomb.

Literatur änneren

  • Pierre Nothomb, Jean-Baptiste Nothomb et ses frères; Bréissel & Paräis (Librairie Nationale d'Art et d'Histoire; collection 'Les Hommes de 1830'), 1931; 131 S.; tëschent de Säiten 112 an 113 ass ee Portrait vum Alphonse Nothomb 1857.