Mathias Adam
De Mathias Adam, gebuer den 19. November 1850 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 18. Februar 1936 zu Munneref[1], war e lëtzebuergesche Pedagog.
Mathias Adam | |
---|---|
Gebuer | 19. November 1850 |
Gestuerwen | 18. Februar 1936 |
Aktivitéit | Pedagog |
Liewen
ännerenDe Mathias Adam war Schoulmeeschter: fir d'éischt zu Esch-Uelzecht, dann zu Ettelbréck an zu Walfer, bis en 1887 d'Péitenger Uewerprimärschoul krut.
1881 ass duerch e Gesetz, dat de Mathias Adam mat ausgeschafft hat, d'Schoul fir Kanner vu 6 bis 12 Joer obligatoresch ginn.
1884 huet en d'Zäitschrëft Pädagogischer Sprechsaal gegrënnt, an e war Redakter vum Luxemburger Lehrerblatt, dat spéider a Luxemburger Lehrerzeitung ëmbenannt gouf.
Hien huet och d'Iddi ënnerstëtzt, datt Coursë fir déi net méi schoulflichteg Kanner och misste gratis sinn a hien huet dofir och 1895 e Schoulbuch geschriwwen. D'Verbreedung vun der Kultur an alle soziale Schichte war him och e grousst Uleies.
1900 huet hien de Lehrerverband matgegrënnt, a war bis 1918 President dovun.
Um Schoulgesetz vun 1912 war hie mat dru bedeelegt.
Och d'Volleksbildungsveräiner huet hie mat an d'Liewe geruff, a war de President vun der Federatioun vun dëse Veräiner. Weider war de Mathias Adam Chefredakter vun der Wochenzeitung Die neue Zeit, déi de 26. Mäerz 1911 fir d'éischt erauskoum.
Wéi en 1915 pensionéiert gouf, ass en op Munneref geplënnert.
Hien ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen an um Nikloskierfecht an der Stad Lëtzebuerg begruewe ginn.[1],[2]
De Mathias Adam war bestuet.
De Lycée technique zu Péiteng gouf den 13. Juli 1979 no him benannt.
Publikatioun
änneren- Lehr- und Lesebuch für die Fortbildungsschulen des Großherzogtums Luxemburg. 1895.
Gielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne[1]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 Doudesannonce vum Mathias Adam Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 04.01.2015.
- ↑ Noruff, Jong-Hémecht Heft 5, Mee-Juni 1936