Fond-de-Gras
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Fond-de-Gras (lokal: a Gras[1]) gehéiert zum Deel zu de Gemengen Déifferdeng a Péiteng.
Fond-de-Gras a Gras | |
---|---|
Elektrozentral Paul Wurth | |
An anere Sproochen |
fr: Fond-de-Gras de: Fond-de-Gras |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng |
Déifferdeng Péiteng |
Buergermeeschter |
Guy Altmeisch (LSAP) Jean-Marie Halsdorf (CSV) |
Koordinaten |
49° 32’ 03’’ N 05° 51’ 46’’ O |
Geographie
ännerenFond-de-Gras läit an engem Dall um Fouss vum Tëtelbierg an direkter Noperschaft zu Zowaasch an dem Rouden Haff, am Süde vu Lëtzebuerg. En Deel vun de Gebailechkeete gehéiert zu der Déifferdenger Gemeng (Café, al Epicerie, Musée). D'Gare mat den Atelieren an de Schäpp an d'elektresch Zentral stinn op Rollenger Terrain, also an der Gemeng Péiteng.
Toponymie
änneren- Op Postkaarte vu virun 1900 ass et "Fond de Grâce" geschriwwe ginn!
- Kuerz no 1900 steet op enger Postkaart "Fond de Gras".
- Op topographesche Kaarte vun 1907 steet da "Fond de Graas" (mat zwee "a") oder och nach Bëschdeeler wéi Graaskap a Graasken.
- Op topographesche Kaarten ab 1950 steet dann op eemol "Fond de Gras", wéi et nach haut geschriwwe gëtt.
- Am 2. Weltkrich hunn d'Preisen et "Gnadengrund" genannt, wat nees op "Grâce" hiweist.
- Laut aneren Zäitzeien hunn d'Preisen et "Erzgründchen" genannt.
Duerch wat fir Ëmstänn et zu deene verschiddene Schreifweise komm ass, ass dem Auteur (Claude Arend) bis haut onbekannt.
D'Aussproch ass awer bliwwen, d.h. ee laangen "a" mat engem schaarfen ausgeschwaten "s" zum Schluss.
Die Deutung Gras = Grâce = Gnade und damit Fond de Grâce - Gnadengrund ist nicht haltbar. (René Klein / Lamadelaine)[2][3]
Kuckeswäertes
änneren- Déi fréier Hollerecher Elektrozentral
- Minièresbunn am Fond-de-Gras
- Faart mat der Eisebunn op Rodange oder op Péiteng
- D'Gare vum Fond-de-Gras
- Café Bei der Giedel
- Naturléierpad Giele Botter
- Epicerie Binck am Fond-de-Gras
- Historesch Eisebunnshalen
- Deeler vun enger Walzstross
- Industrie- an Eisebunnspark Fond-de-Gras
- Eisebunnsstreck Péiteng - Fond-de-Gras - Doihl
D'Gare an d'Eisebunnsstreck tëscht Doihl - Fond-de-Gras a Fuussbësch mam technesche Material dat dozou gehéiert sinn op der Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter klasséiert.[4]
Literatur
änneren- Fondation Bassin Minier (Hg.): Le Fond-de-Gras – Histoire(s) d'un lieu : Des origines à nos jours / Der Fond-de-Gras – Geschicht(en) eines Ortes: Von seinen Anfängen bis zur Gegenwart (Mutations: mémoires et perspectives du Bassin Minier, 8), Esch/Alzette: Fondation Bassin Minier 2015, ISSN 2078-7634.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Fond-de-Gras – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ (de)Fond de Gras (FdG). maer-rollengers Webseite!. Gekuckt de(n) 21.02.2023.
- ↑ (fr)PRONONCIATION FOND-DE-GRAS – Minett park. Gekuckt de(n) 21.02.2023.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).