Albaach (Musel/Stadbriedemes)


D'Albaach ass eng Baach am Kanton Réimech an e lénksen Niewefloss vun der Musel.

Albaach
Längt 6 200 m
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Zesummelaf vun
Houbech & Schleebaach
Plaz Waldbriedemes
Héicht 171 m
Konfluenz
Leeft an Musel
Plaz Stadbriedemes
Héicht 140,5 m
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Aassel - Rolleng - Bous

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun der Houbech an der Schleebaach eng ronn 1.200 Meter ëstlech vu Waldbriedemes op enger Héicht vun 171 Meter.

Vun do un, leeft se de ganzen Zäit no Osten tëscht Aassel a Rolleng erduerch, laanscht Bous bis op Stadbriedemes, fir do op enger Héicht vun 140,50 Meter an d'Musel ze lafen.

D'Albaach ass 6.200 m laang, an hir Nieweflëss sinn d'Aasselbaach, d'Ierpeldengerbaach, an d'Traterbaach.

Kuckt och änneren