Et wor alles wéi ëmmer

Et wor alles wéi ëmmer ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum Regisseur Max Jacoby. Hien huet och zesumme mam Govinda Van Maele d'Dréibuch geschriwwen.

Et wor alles wéi ëmmer
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2015-2016[1]
Première 2016
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Max Jacoby
Dréibuch Max Jacoby
Govinda Van Maele
Fotografie Berta Valin Escofet
Produktiouns-
gesellschaft
Les Films Fauves
Schauspiller
Philippe Decker
Anouk Wagener
Roland Gelhausen
Léonie Kalte
Teddy Fereira
Patricia Gollere
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En hat den 29. Februar 2016 seng Première um Lux Film Fest.

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Jérôme ënnerbrécht säi Studium, fir nees zeréck op Lëtzebuerg op de Bauerenhaff vu sengem Elteren ze kommen. Do kënnt et zu engem mysteriéise Verschwannen...

Produktioun änneren

De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vum Film, deen ursprénglech Et geet hinne gutt geheescht huet, mat 70.000 Euro ënnerstëtzt.[2]

Soss änneren

De Film war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschte Kuerzfilm" nominéiert.[3]


Referenzen änneren

  1. 5minutes.rtl.lu: "Et maintenant on fait quoi?" (26. Abrëll 2015)
  2. filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 24 septembre 2014
  3. cineuropa.org: Luxembourg’s D’Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)