Ooops! Noah is Gone...
Ooops! Noah is Gone... (lëtzebuergeschen Titel: Ooops! Den Noah ass fort) ass en Animatiounsfilm fir Kanner vun de Regisseuren Toby Genkel a Sean McCormack. Et ass eng däitsch-lëtzebuergesch-belsch-iresch Koproduktioun[1].
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Däitschland Lëtzebuerg Belsch Irland |
Produktiounsjoer | 2008-2014 |
Première | 26. Februar 2015 |
Dauer | 86 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 2,35:1 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie |
Toby Genkel Sean McCormack |
Dréibuch | Mark Hodkinson, Richie Conroy, Toby Genkel, Marteinn Thorisson |
Fotografie | Reza Memari |
Musek | Stephen McKeon |
Schnëtt |
Richard Conroy Toby Genkel Mark Hodkinson Marteinn Thorisson |
Produzent |
Emely Christians Moe Honan |
Produktiouns- gesellschaft |
Ulysses Filmproduktion Fabrique d'Images Skyline Entertainment Moetion Films Scope Pictures Studio Rakete |
Schauspiller | |
Englesch Versioun: Callum Maloney Elle Fanning Douglas Booth Amy Grant Paul Tylak Aileen Mythen Martin Sheen Patrick Fitzsymons an anerer | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Titel
ännerenDen ursprénglechen engleschen Titel war Ooops! Noah is Gone.... Dat ass eng Referenz op d'Geschicht vun der Arch vum Noah aus der Bibel, mee am Film selwer gëtt et keng reliéis Referenzen an den Noah kënnt och net vir[2]. Dowéinst ass de Film spéider ëmbenannt ginn: Two By Two: Ooops… The Ark Has Gone (a Groussbritannien) an All Creatures Big and Small (an den USA).
De lëtzebuergeschen Titel war Ufanks Ooops! De Noah ass fort.... An deem Titel war awer e Feeler mat der Eifeler Reegel an e gouf spéider verbessert op Ooops! Den Noah ass fort.
Den däitschen Titel ass Ooops! Die Arche ist weg... an dee franséischen Oups! J'ai raté l'arche....
Ëm wat geet et am Film?
ännerenEt ass d'Enn vun der Welt an eng Sintflut kënnt. Gottseidank gouf eng Arch gebaut fir all d'Déieren... déi op der Lëscht sti fir op dat grousst Schëff. Wéinst engem Mëssgeschéck verpassen de Finny an d'Leah de Moment wéi d'Schëff seng Rees ufänkt a bleiwe ganz eleng op festem Buedem zeréck. Si kämpfen elo drëm fir d'Flut z'wwerliewen an op d'Spëtzt vun engem Bierg ze kommen.
Accueil a Präisser
ännerenDe Film hat seng Weltpremière de 26. Februar 2015 beim Lux Film Fest[1].
Beim Erfurter Deutsches Kinder-Medien Festival 2015 krut de Film de "Gëllene Spatz" als beschten Animatiounsfilm[3].
De Film gouf an 170 Länner verkaaft.[2] An Däitschland ware ronn 260.000 Leit de Film kucken an en huet 1,583 Milliounen Euro verdéngt.[4]. A Frankräich ware 550.442 Leit de Film an de Kino kucken.[5]
De Film huet international méi wéi 22 Milliounen US-Dollar agespillt[6]. Dem Géigeniwwer stoung e Budget vun 8,4 Milliounen Euro.[7]
2020 ass en zweete Film erauskomm, deem säin lëtzebuergeschen Titel Ooops! Finny, wou bass de? ass.
Wat sot d'Press?
ännerenDen Animatiounsfilm huet duerchschnëttlech Profi-Kriticke kritt[8],[9],[10],[11],[12],[13].
Asokan Nirmalarajah[14]:
Ein bunt animierter, aber komplett fader Abklatsch der „Ice Age“-Filme, in dem wieder mal putzige Tierhelden durch überdrehte Slapstick-Sequenzen hechten, um mehr oder weniger lehrreiche Erkenntnisse über den Wert von Familie und Freunden zu sammeln.
Thomas Sotinel, Le Monde[15]:
On trouvera dans ce tout petit film les conseils usuels à l'usage des jeunes générations : il faut tolérer la différence, ne pas renoncer devant l'obstacle, trouver sa place si elle est disponible, l'inventer dans le cas contraire. L'animation plutôt rudimentaire [...], la violence des couleurs et la musique sirupeuse ont tendance à engluer les quelques gags bien tournés dans la mélasse.
Oliver Armknecht, film-rezensionen.de[16]:
So weltbewegend wie das beschriebene Ereignis ist Oops! Die Arche ist weg sicher nicht, dafür aber ein nett umgesetztes Animationsabenteuer, das man sich unbesorgt mit seinen Kindern anschauen kann.
Stéphane Dreyfus, La Croix[17]:
Plutôt bien ficelé, le film est mené tambour battant, dans une débauche de couleurs vives. Si l'animation est parfois sommaire, l'ensemble est assez distrayant, même s’il séduira sans doute davantage les plus petits que leurs parents.
Um Spaweck
änneren- Trailer op Lëtzebuergesch (YouTube)
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 De Film um Site vum LuxFilmFest (gekuckt den 3. Juli 2022)
- ↑ 2,0 2,1 abendblatt: "Ooops! 2": Tim Mälzer alswortkarges Nilpferd vum Volker Behrens (23. September 2020)
- ↑ wort.lu: Goldener Spatz für "Ooops! Die Arche ist weg" (8. Juni 2015)
- ↑ mediabiz.de: Ooops! Die Arche ist weg... (gekuckt de 4. Juli 2022)
- ↑ allocine.fr: Box Office du film Oups ! J’ai raté l’arche… (gekuckt de 4. Juli 2022)
- ↑ Statistik op boxofficemojo.com
- ↑ Presseheft vum Film (Däitschland)
- ↑ De Film op allocine.fr
- ↑ De Film op senscritique.com
- ↑ Kritik op timeout.com
- ↑ Kritik op thesun.com
- ↑ Kritik op lanacion.com
- ↑ Kritik op independent.co.uk
- ↑ Kritik op filmstarts.de (gekuckt den 3. Juli 2022)
- ↑ lemonde.fr: « Oups ! J’ai raté l’arche » : déluge à colorier vum Thomas Sotinel (5. Dezember 22015)
- ↑ film-rezensionen.de: Ooops! Die Arche ist weg vum Oliver Armknecht (27. Juli 2015)
- ↑ la-croix.com: « Oups ! J’ai raté l’arche », le déluge en famille vum Stéphane Dreyfus (9. Dezember 2015)