Claude Frisoni
franséische Schrëftsteller, Acteur, Regisseur a Kulturmanager
De Claude Frisoni, gebuer den 23. September 1954 zu Knutange a Loutrengen, ass e franséische Schrëftsteller, Acteur, Regisseur a Kulturmanager, deen e groussen Deel vu senger Karriär zu Lëtzebuerg verbruecht huet.
Claude Frisoni | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
23. September 1954 Knutange |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Universitéit vun Nanzeg |
Aktivitéit | Schauspiller, Schrëftsteller, Theaterregisseur |
Fonctioun | Direkter |
Member vun | Société des auteurs et compositeurs dramatiques |
Gielercher | Chevalier vum Ordre des Arts et des Lettres, Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassa |
![]() |
Vun 2002 bis zu senger Pensioun Enn 2013 war hien Direkter vum Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster.
Dem Claude Frisoni säi Papp war Italieener a seng Mamm war eng Franséisin. Hien ass mat der Theaterregisseurin Fabienne Zimmer bestuet an ass Papp vun zwee Kanner.
Schoulen
änneren- 1973-1977: Faculté de Droit et de Sciences Economiques de Nancy.
Funktiounen
änneren- 1977-1982: Verantwortlech fir Publikatioune beim 'Centre culturel français de Luxembourg'
- 1982-1992: Attaché culturel adjoint am Centre culturel français bei der franséischer Ambassade zu Lëtzebuerg.
- 1992-haut: Hie schafft donieft als travailleur intellectuel indépendant, Auteur fir den Theater, Schauspiller an Zeenarist an ass Member vun der Société des auteurs et compositeurs dramatiques.
- 1993-1994: Direkter vu RéCRé, enger institutionneller Kommunikatiounsgesellschaft.
- 1990-1999: Artisteschen Direkter vum TOL, dem Théâtre ouvert Luxembourg.
- 1999-2001: President vum TOL.
- 1994-1996: nom Récktrëtt vum Guy Wagner gëtt hien Direkter vum Kulturjoer Lëtzebuerg 1995
- 1996-2002: Matgrënner an Direkter vun der ALAC, der Agence luxembourgeoise d'action culturelle.
- 2002-2013: Direkter vum Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster.
Weider Funktiounen
- Zanter 1996 presidéiert hien d'Vereenegung Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, déi de Victor-Hugo-Literaturmusée bedreift.
- Member vum Verwaltungsrot vun der Fondation Servais pour la littérature luxembourgeoise.
- Gesellschafter vun der Société des auteurs et compositeurs d'art dramatique (SACD).
Wierker
änneren- 1988: Le Meilleur des Rouquins a jeté son père dans le puits. One man show.
- 1989: Les gens vils... selon ma tante. Eenakter.
- 1990: Enfermés dehors. One man show.
- 1992: Régimes sans ciel. Eenakter.
- 1993: Surtout Tout. One man show.
- 1994: La défaite des paires. Eenakter.
- 1996: La fin du monde est pour demain... si le temps le permet. Zweeakter.
- 1997: Je dis ça, je dis rien mais... One man show.
- 1998: Les derniers seront les premiers. Eenakter.
- 2000: One man show à plusieurs. Spectacle de sketchs.
- 2001: C'était mieux quand c'était pire. Spectacle de sketchs.
- 2002: Le Monde tel qu'il hait. Spectacle de sketchs.
- 2004: Nécros spirituelles. Spectacle de sketchs.
- 2008: Les animaux sont pires que des bêtes.
- 2013: Putain,... 35 ans! One man show.
Divers Wierker
- Zenario vum Clip France-Luxembourg fir de Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung vun Sevilla.
- Iwwerdroen an d'Franséischt vum portugiseschen Text Rua do Abecedàrio (Éditions ASA).
- Konzeptioun an Redaktioun vum CD-ROM Médiascopie du Luxembourg fir d'Lëtzebuerger Presidence vum Conseil vun der europäescher Unioun am Joer 1997.
- Zenario vum Kulturclip fir d'Weltausstellung vun Lissabon.
Publikatiounen
änneren- 1992: Frisoni soit qui mal y pense. Éditions Phi, collection Cabaret.
- 1996: Pièces montées. Éditions Phi, collection Amphi.
- 2000: Luxembourg, un incertain regard. Éditions Phi.
- 2001: C'était mieux quand c'était pire. Éditions Phi.
- 2003: Nécros spirituelles. Éditions Le Phare.
- 2008: Ça va mieux en le disant. 144 p. mediArt, Luxembourg & Le Jeudi, Esch-sur-Alzette. ISBN 978-2-9599749-5-3.
- 2011: Mémo. ultimomondo, ISBN 978-2-919933-69-3
Mises en scène
änneren- La Cantatrice chauve vum Eugène Ionesco.
- Les Diablogues vum Roland Dubillard.
- Palace vum Roland Topor a Jean-Michel Ribes
- Dieu vum Woody Allen.
- Nuit d'Ivresse vum Josiane Balasko.
- Le Café des Jules vum Jacques Nolot.
- Voltaire's folies vum Jean-François Prévand.
Rollen
ännerenRollen am Theater
änneren- Divers Rollen am Stéck Radio Active, la radio qui rayonne, nom Pierre Dac. Mise en scène vum Philippe Noesen.
- Tade am Petit déjeuner chez Desdémone vum Janus Krasinski. Mise en scène vum Anne Saint-Mor.
- Y an La Goutte vum Guy Foissy. Mise en scène vum Marc Olinger.
- La Flèche am Avare vum Molière. Mise en scène vum Marc Olinger.
- Divers Rollen an Love scories, e Montage vun Sketcher. Mise en scène vum Philippe Noesen.
- Covielle am Le Bourgeois gentilhomme vum Molière. Mise en scène vum Jean-Paul Zenhacker.
- Cléante am Tartuffe vum Molière. Mise en scène vum Lisa Viet.
- Lubin am Georges Dandin vum Molière. Mise en scène vum Louis Bonnet.
- Dudard am Rhinocéros vum Eugène Ionesco. Mise en scène vum Marc Olinger.
- De Generol am Le Balcon vum Jean Genet. Mise en scène vum Marc Olinger.
- Den Chevalier de Saint-Ouen am Jacques et son Maître vum Milan Kundera. Mise en scène vum Maurice Travail.
- De La Brive am Le Faiseur vum Honoré de Balzac. Mise en scène vum Marion Poppenbor.
- De Georges am Le Roi des Cons vum Wolinski. Mise en scène vum Marc Olinger.
- De Rédillon am Le Dindon vum Georges Feydeau. Mise en scène vum Frank Feitler.
- Den Omlet am Régimes sans ciel vum Claude Frisoni. Mise en scène vum Claudine Pelletier.
- De Pierre am La défaite des paires vum Claude Frisoni. Mise en scène vum Louis Bonnet.
- De Generol Eudes Ferté de la Guérivière an La fin du monde est pour demain... si le temps le permet vum Claude Frisoni. Mise en scène vum Fabienne Zimmer.
- Den Trissotin am Les Femmes Savantes vum Molière. Mise en scène vum Simon Eine.
- De Busiris am La guerre vum Troie n'aura pas lieu vum Jean Giraudoux. Mise en scène vum Simon Eine.
- De Léopold am Largo Desolato vum Vaclav Havel. Mise en scène vum Marc Olinger.
- De Claude am Les derniers seront les premiers vum Claude Frisoni. Mise en scène vum Philippe Noesen.
- Den Oncle Vania am Oncle Vania vum Anton Tchekhov. Mise en scène vum Raija-Sinikka Rantala.
- Den Menteur am Le Menteur vum Carlo Goldoni. Mise en scène vum Marc Olinger.
- Den Dolan am Le premier vum Israël Horovitz. Mise en scène vum Philippe Noesen.
- Den Erzieler am One man show à plusieurs vum Claude Frisoni. Mise en scène vum Claude Frisoni.
- Den Dédé am Le Café des Jules vum Jacques Nolot. Mise en scène vum Claude Frisoni.
- Den Erzieler am C'était mieux quand c'était pire vum Claude Frisoni.
- De Conférencier am Le Monde tel qu'il hait vum Claude Frisoni.
- Den Roberto Miranda am La jeune fille et la mort vum Ariel Dorfman.
- De Conferencier am Nécros spirituelles vum Claude Frisoni.
Rollen am Kino
änneren- De Prënz vu Lëtzebuerg am Three Shake-a-leg Steps to Heaven vum Andy Bausch
- De Bernard am Kuerzfilm Le bolide rouge vun der Anne Diederich.
- De Banquier am La Revanche vum Andy Bausch.
- ... am D'Symmetrie vum Päiperlek vum Paul Scheuer a Maisy Hausemer
Auszeechnungen
änneren- Chevalier am l'Ordre des Arts et des Lettres vun der franséischer Republik
- Becker d'argent, Präis vun der beschter Kreatioun beim Festival de la francophonie d'Evry (1988)
- Prix Lion's (1995)
- Officier de l'Ordre de la Pléiade
- Officier du Mérite culturel de la République de Roumanie
- Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (28.11.2013)[1]
- Officier vum Ordine della Stella d'Italia (04.09.2014)[2]
Um Spaweck
ännerenCommons: Claude Frisoni – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Ministère de la Culture: Remise des insignes du Grand-Officier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg à Claude Frisoni (28.11.2013)
- ↑ [http://www.quirinale.it/elementi/Onorificenze.aspx?pag=0&qIdOnorificenza=82 Offiziell Websäit vum Quirinal