Jako Raybaut
belsche Kameramann
De Jacques ("Jako") Raybaut ass e belsche Kameramann a Filmregisseur
Jako Raybaut | |
---|---|
Gebuer | 20. Joerhonnert |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Kameramann, Filmregisseur |
Hien huet fir d'éischt am Marketing geschafft, an duerno eng Maîtrise an Arts-plastiques, mat Spezialisatioun op Kino, gemaach.[1] No e puer Kuerzfilmer, bei deenen en zesumme mat der Sophie Langevin Regie gefouert huet, war hie bei enger gudder drësseg (Stand: 2018)[1] Film- an Televisounsfilmer responsabel fir d'Biller an d'Luucht, dorënner vill lëtzebuergesch (Ko-)produktiounen.
2014 krut hien de Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht technesch Kontributioun am Film Doudege Wénkel, an 2016 am Film Eng nei Zäit.
Filmographie (Auswiel)
ännerenals Kameramann
änneren- Eng nei Zäit
- Baby(a)lone
- Doudege Wénkel
- Inthierryview
- Le club des chômeurs
- Terra mia terra nostra
- The Merchant of Venice
- Shadow of the Vampire
als Regisseur
änneren(zesumme mat der Sophie Langevin)
Um Spaweck
änneren- ↑ 1,0 1,1 Ready Set Action: Episode 03, Image et Son op vimeo.com.