E Futtballspill am Schnéi

E Futtballspill am Schnéi ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Tom Alesch an der Anne Schiltz aus dem Joer 2014. En huet den Ënnertitel Erënnerungen un de Roger Manderscheid.

E Futtballspill am Schnéi
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2014
Dauer 52 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Anne Schiltz,
Tom Alesch
Fotografie Nikos Welter
Schnëtt Marc Recchia
Produzent Anne Schroeder (Samsa Film)
Joy Hoffmann & Viviane Thill (CNA)
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film dokumentéiert d'Liewen a virun allem d'literarescht Wierk vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Roger Manderscheid (1933-2010), andeems ë. a. Persounen zu Wuert kommen, déi mat him ze dinn haten, oder vun him beaflosst goufen, dorënner de Guy Rewenig, de Pol Greisch, d'Germaine Goetzinger, an d'Claudine Muno.

Accueil änneren

Et ass den éischten Documentaire, dee sech mat dem Wierk vun engem Lëtzebuerger Schrëftsteller auserneesetzt.[1] En hat de 17. November 2014 Avant-première am Utopia an ass de 26. November an d'Kinoe komm.[2]

De Film war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschten Documentaire" nominéiert.[3]

D'Anina Valle Thiele vu Woxx huet de Film eng "poetesch Hommage un den Auteur a säi Wierk" genannt.[4]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Literatur auf der Leinwand: Vom Wort zum Filmbild vum Jean-Louis Scheffen an Ons Stad 117/2018, Säit 28
  2. "e futtballspill am schnéi - erënnerungen un de roger manderscheid" op cna.public.lu (gekuckt: 2014-11-10)
  3. cineuropa.org: Luxembourg’s D’Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)
  4. woxx.lu: ANNE SCHILTZ & TOM ALESCH: Ein Berufsträumerling vum Anina Valle Thiele (21. November 2014)