Josée Hansen

lëtzebuergesch Journalistin

D'Josée Camille Hansen, gebuer den 20. Februar 1968 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Journalistin[2].

Josée Hansen
Gebuer 20. Februar 1968
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Université de Provence Aix-Marseille I,
Universitéit Panthéon-Assas
Aktivitéit Journalist

D'Josée Hansen huet Kommunikatioun op der Université de Provence Aix-Marseille[3] an zu Paräis op der Université Panthéon Assas studéiert. No zwee Joer bei RTL Radio Lëtzebuerg schafft si zënter 1996 beim Lëtzebuerger Land, wou se vun 2015 bis 2019 de Kulturressort geleet huet. Hire Kierzel ass (jh).

Vun Abrëll 2019 bis Juli 2020 war si d'Chefredaktesch vun där Zeitung. Am Juli 2020 huet si bekannt ginn, datt se no 26 Joer Journalismus eppes anescht an hirem Liewe maachen an 2020 bei Land ophale wéilt[4].

Vun 2004 bis 2014 war d'Josée Hansen d'Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Rockhal[5] a vu Februar 2016[6] bis Oktober 2016[7] Member vum Verwaltungsrot vum MUDAM[8].

Referenzen änneren

  1. [www.lbr.lu Centre de musiques applifiées (J47) - Immatriculation]. Luxembourg Business Registers (06.08.2012). Gekuckt de(n) 07.07.2020.
  2. D'Josée Hansen op der Websäit vum Conseil de presse
  3. Josée Hansen, nouvelle rédactrice en chef du Land op paperjam.lu den 12. Abrëll 2019
  4. Josée Hansen verléisst d'Wochenzeitung "Lëtzebuerger Land". rtl.lu (07.07.2020). Gekuckt de(n) 07.07.2020.
  5. https://lu.linkedin.com/pub/jos%C3%A9e-hansen/35/60/321
  6. MUSÉE D'ART MODERNE GRAND-DUC JEAN (G58) - Membres du conseil d'administration. Luxembourg Business Registers (26.02.2016). Gekuckt de(n) 07.07.2020.
  7. MUSÉE D'ART MODERNE GRAND-DUC JEAN (G58) - Réquisition de mofification. Luxembourg Business Registers (04.07.2018). Gekuckt de(n) 07.07.2020.
  8. Josée Hansen quitte le CA du Mudam den 12. Oktober 2016 op paperjam.lu