Préjudice ass e belsch-lëtzebuergesch-hollännesche Spillfilm vum Antoine Cuypers, dee seng Première 2015 um Festival international du film francophone de Namur hat, an de 7. Oktober 2015 an der Belsch an de Kino koum. A Frankräich an zu Lëtzebuerg koum en den 3. Februar 2016 eraus.

Préjudice
Film
Produktiounsland Belsch,
Lëtzebuerg
Holland
Produktiounsjoer 2015
Première 2015
Dauer 105 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Antoine Cuypers
Dréibuch Antoine Cuypers
Antoine Wauters
Fotografie Frédéric Noirhomme
Musek rnst Rijseger
Francesco Pastacaldi
Produzent Wrong Men
Samsa Film, mat
CTM Pictures
Proximus
Mollywood
Schauspiller
Nathalie Baye als d'Mamm
Arno als Alain
Thomas Blanchard als Cédric
Eric Caravaca als Gaetan
Ariane Labed als Caroline
Cathy Min Jung als Cyrielle
Arthur Bols als Nathan
Jean-François Wolff als Noper
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Cédric huet 30 Joer a lieft zeréckgezu bei sengen Elteren. Wéi seng Schwëster op Besuch kënnt mat der Nouvelle, si géif e Kand erwaarden, reagéiert de Cédric no an no ëmmer méi aggressiv op seng Famill...

Soss änneren

De Film gouf tëscht Juli a September 2014 an enger Villa zu Rodange, souwéi, fir d'Baussenopnamen, zu Léck gedréint. De Budget louch bei 2,8 Milliounen Euro, wouvun de Lëtzebuerger Filmfong 30% bäigesteiert huet.[1],[2]

De Film war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Bescht Fiktiouns-Koproduktioun" nominéiert.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Thierry Hick: "Tournage du film 'Préjudice' à Rodange". wort.lu, 14 septembre 2014 à 11:54.
  2. '"Nathalie Baye et Arno en tournage à la frontière belgo-luxembourgeoise fin juillet." lameuse.be
  3. cineuropa.org: Luxembourg’s D'Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)