Yann Tonnar

lëtzebuergesche Journalist, Regisseur a Filmmécher

De Yann Tonnar, gebuer de 4. Juli 1975 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist, Regisseur a Filmmécher.

Yann Tonnar
Yann Tonnar.JPG
Gebuer 4. Juli 1975
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur
Famill
Bestuet mat Sylvia Camarda
Geschwëster Serge Tonnar
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Hien huet als Free-lance Journalist bei RTL Télé Lëtzebuerg geschafft, wou e Reportage gemaach huet. Duerno huet en um New York Film Institute eng Ausbildung gemaach.

Hie realiséiert zanterhier Clippen (Wal- a Museksclippen), Kuerzfilmer (ë. a. Pierres sonores, zesumme mam Pinuccio Sciola a Claude Lenners an Unknown Lying Object zesumme mam Claude Grosch) an huet mat Weilerbach säin éischten Dokumentar-Moyen-métrage gemaach, deen am Februar 2008 am Kino erauskoum. Am Juni 2010 huet hien zesumme mam Pascal Becker en Documentaire iwwer Emigratioun mam Titel Mir wëllen net bleiwen erausbruecht.

2011 ass säin drëtten Documentaire, Schrebergaart, an d'Kinoe komm. Den 12. November 2013 hat Atelier Luxembourg, en Documentaire vun him iwwer véier Kënschtler, Première[1]. Am Februar 2014 ass säin Documentaire De Bopebistro Tour op RTL Télé Lëtzebuerg eng éischt Kéier gewise ginn.

Hie schreift och Filmkritiken am Lëtzebuerger Land.

Am Mee 2019 gouf hie President vun der Lëtzebuerger Filmakademie, eng Funktioun, déi hie vum Claude Waringo[2] iwwerholl huet.

Zanter dem 31. Mee 2019 ass de Yann Tonnar mat der Sylvia Camarda bestuet[3]. E puer Deeg virdru war hien och zum President vun der Lëtzebuerger Filmakademie gewielt ginn.[4]

De Yann Tonnar ass de Brudder vum Museker Serge Tonnar an de Monni vum Museksproduzent a Rapper Tun Tonnar.


Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Josée Hansen: "How did you do it, dear artist?" d'Lëtzebuerger Land, 15. November 2013, Nr.46, S.15.
  2. „Yann Tonnar sitzt der Filmakademie vor“ am Luxemburger Wort vum 8. Mee 2019, Säit 22
  3. Die Liebesgeschichte von Sylvia Camarda und Yann Tonnar op wort.lu, gelies den 28.8. 2019
  4. chroncile.lu: Yann Tonnar Elected New President of Filmakademie (8. Mee 2019)