Jeanne Werner

lëtzebuergesch Schauspillerin

D'Jeanne Werner, gebuer 1985, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin.

Jeanne Werner
Gebuer 1985
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmschauspiller, Schauspiller

Si huet tëscht 2006 an 2011 an der Schwäiz op der Zürcher Hochschule der Künste Schauspillerei studéiert an hire Studium mat engem “Master of Arts in Acting” ofgeschloss.

No verschiddenen Theateroptrëtter an der Schwäiz, an Däitschland an zu Lëtzebuerg an no e puer Optrëtter a Kuerzfilmer huet si am franséische Film “Avant l'hiver” matgespillt. Hiren éischte groussen Optrëtt hat si an der Roll vun der Dorothea (Doro) am Florian Gallenberger sengem Film Colonia Dignidad.

Bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war si an der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" fir Colonia nominéiert.[1]

D'Jeanne Werner lieft a schafft zu Berlin. Si ass d'Enkelin vum Pierre Werner an d'Kusinn vum Jules Werner.

Filmographie änneren

Theater änneren

Éierungen änneren

  • 2016: Nominatioun fir de “Lëtzebuerger Filmpräis” fir d'Roll vum “Doro” am Film Colonia Dignidad
  • 2016: Bayerischer Filmpreis - Beschte Film - Colonia Dignidad
  • 2010: Emil und Emmie Oprecht Preis für herausragende Leistung beim Abschlussvorsprechen
  • 2009 ZHdK Solopreis für besondere Leistungen innerhalb des Bachelor Studiums

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. cineuropa.org: Luxembourg’s D’Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)

Quellen: