Sydney Pollack
De Sydney Pollack, gebuer den 1. Juli 1934 zu Lafayette, Indiana a gestuerwen de 26. Mee 2008 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Filmregisseur, -produzent a Schauspiller.
Sydney Pollack | |
---|---|
Gebuertsnumm | Sydney Irwin Pollack |
Gebuer |
1. Juli 1934 Lafayette |
Gestuerwen |
26. Mee 2008 Pacific Palisades |
Doudesursaach | Mokriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Neighborhood Playhouse, Stella Adler Studio of Acting |
Aktivitéit | Filmproduzent, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsregisseur, Filmregisseur, Pilot, Charakterschauspiller, Regisseur |
Dem Pollack seng Eltere ware russesch Judden, déi an d'USA agewandert waren. Hien huet seng Carrière an den 1960er Joren als Schauspiller an Televisiounsregisseur ugefaangen. 1962 hat hie seng éischt Filmroll am Krichsfilm War Hunt, wou och de Robert Redford seng éischt Roll hat. Zanterhier waren déi zwéi Frënn, an de Redford huet an e puer Filmer vum Pollack gespillt, wéi dee bis Regisseur gouf.
De Sydney Pollack huet ganz villsäiteg Filmer gemaach, wéi Western (Jeremiah Johnson), Literaturverfilmungen (Out of Africa), Politthrilleren (Three Days od the Condor), Melodramen (Random Hearts) a Comédien (Tootsie). Hie gouf dräimol fir en Oscar nominéiert; 1986 krut en dann och ee fir déi bescht Regie an Out of Africa.
Hie war zanter 1958 mat der Schauspillerin Claire Griswold bestuet, mat där en dräi Kanner hat. Hien ass 2008 u Kriibs gestuerwen.
Filmographie (als Regisseur)
änneren- 1965 - The Slender Thread - mam Sidney Poitier, Anne Bancroft an Telly Savalas
- 1966 - This Property Is Condemned - mam Natalie Wood, Robert Redford an Charles Bronson
- 1968 - The Scalphunters - Western mam Burt Lancaster, Ossie Davis, Shelley Winters an Telly Savalas
- 1969 - Castle Keep - mam Burt Lancaster
- 1969 - They Shoot Horses, Don't They? - mat der Jane Fonda
- 1972 - Jeremiah Johnson - mam Robert Redford
- 1973 - The Way We Were - mat der Barbra Streisand an dem Robert Redford
- 1975 - The Yakuza - mam Robert Mitchum
- 1975 - Three Days of the Condor - mam Robert Redford, Faye Dunaway, Cliff Robertson a Max von Sydow
- 1977 - Bobby Deerfield - mam Al Pacino
- 1979 - The Electric Horseman - mam Robert Redford an Jane Fonda
- 1981 - Absence of Malice - mam Paul Newman a Sally Field
- 1982 - Tootsie - mam Dustin Hoffman an Jessica Lange
- 1985 - Out of Africa- mam Robert Redford, Meryl Streep a Klaus Maria Brandauer
- 1990 - Havanna - mam Robert Redford, Lena Olin an Alan Arkin
- 1993 - The Firm - mam Tom Cruise, Jeanne Tripplehorn an Gene Hackman
- 1995 - Sabrina - mam Harrison Ford an der Julia Ormond
- 1999 - Random Hearts - mam Harrison Ford an der Kristin Scott Thomas
- 2005 - The Interpreter - mat der Nicole Kidman an dem Sean Penn
- 2005 - Sketches of Frank Gehry - Dokumentarfilm iwwer den Architekt Frank Gehry
Filmographie (als Schauspiller)
änneren- 1962 - War Hunt - Regie: Denis Sanders
- 1982 - Tootsie - als George Fields
- 1992 - The Player - Regie: Robert Altman - als Dick Mellon
- 1992 - Husbands and Wives - Regie: Woody Allen - als Jack
- 1998 - A Civil Action - Regie: Steven Zaillian - als Al Eustis
- 1999 - Eyes Wide Shut - Regie: Stanley Kubrick - als Victor Ziegler
- 2002 - Changing Lanes - Regie: Roger Michell - als Stephen Delano
- 2005 - The Interpreter
- 2006 - Fauteuils d'orchestre - als hie selwer
- 2007 - The Sopranos - Regie: Alan Taylor - als Warren Feldman
- 2007 - Michael Clayton
- 2008 - Made of Hono
Um Spaweck
ännerenCommons: Sydney Pollack – Biller, Videoen oder Audiodateien |