De Sir Alan William Parker, gebuer de 14. Februar 1944 zu Islington, London a gestuerwen den 31. Juli 2020 zu London, war en engleschen Dréibuchauteur, Auteur a Filmregisseur.

Alan Parker
Gebuertsnumm Alan William Parker
Gebuer 14. Februar 1944
Gestuerwen 31. Juli 2020
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmregisseur, Filmschauspiller, Filmediteur, Regisseur

Liewen änneren

De Parker huet als Realisateur fir Reklammsfilmer ugefaangen. Hie gouf e puermol fir den Oscar nominéiert (ë. a. fir Midnight Express), huet véiermol de British Academy Film Award gewonnen (ë. a. fir Bugsy Malone) an 1985 zu Cannes de Grousse Präis vum Jury fir Birdy kritt.

Bekannt Filmer vun him sinn: Pink Floyd The Wall (1981), d'Verfilmung vu Pink Floyd hirem Rockalbum mam nämmlechten Numm; Angel Heart (1987) mam Mickey Rourke, Robert De Niro a Lisa Bonet; Mississippi Burning (1988), mam Gene Hackman a Willem Dafoe; The Commitments (1991), oder d'Verfilmung vum Andrew Lloyd Webber sengem Musical Evita mat der Madonna an der Titelroll (1996).

Filmographie änneren

Kino änneren

Um Spaweck änneren