Meryl Streep

amerikanesch Schauspillerin

D'Mary Louise "Meryl" Streep, gebuer den 22. Juni 1949 zu Summit, New Jersey, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin. No éischten Engagementer am Theater hat si an den 1970er Joren hiren internationalen Duerchbroch mat der Televisiounsserie Holocaust an de Kinosproduktiounen Manhattan, The Deer Hunters a Kramer vs. Kramer.

Meryl Streep
Meryl Streep December 2018.jpg
Gebuertsnumm Mary Louise Streep
Gebuer 22. Juni 1949
Summit
Nationalitéit USA
Educatioun Yale Universitéit,
Yale School of Drama
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Schauspiller, Filmproduzent, Televisiounsproduzent
Partei Demokratesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Don Gummer
Liewenspartner(in) John Cazale
Mamm Mary Wilkinson Streep
Kanner Mamie Gummer, Henry Wolfe Gummer, Grace Gummer, Louisa Gummer
Wikidata-logo-without-paddings.svg
D'Meryl Streep (2014).

Zanterhier ass si eng vun de gefrootsten an deene Schauspillerinne mam gréisste kënschtleresche Succès. Si huet bis ewell (2014) dräimol een Oscar gewonnen an hält de Rekord mat net manner wéi 18 Nominéierunge fir dee Präis. Zu hire gréisste kommerziellen Erfolleger zielen Out of Africa (1985), Death becomey her (1992), The Bridges of Madison County (1995), The Devil Wears Prada (2006), Mamma Mia! (2008), Julie & Julia (2009) an It's Complicated (2009).[1]

Si ass zanter 1978 mam Sculpteur Don Gummer bestuet an huet véier Kanner.

FilmographieÄnneren

KinoÄnneren

Kinofilmer

LiteraturÄnneren

  • Adolf Heinzlmeier, Petra Gallmeister (Textbearb.): Meryl Streep. V.I.P.: Cinema. Zsolnay, Wien 1994, ISBN 9783552051096

Um SpaweckÄnneren

Commons: Meryl Streep – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Box Office Mojo Meryl Streep