Gene Wilder

amerikanesche Schauspiller

Den Gene Wilder, gebuer den 11. Juni 1933 zu Milwaukee am Wisconsin als Jerome Silberman, a gestuerwen den 29. August 2016 zu Stamford, am Connecticut[1], war en US-amerikanesche Schauspiller, Komiker, Auteur a Regisseur. Besonnesch an den 1970er- an 1980er- Jore gouf hien zu de beléifste Komediante vun Hollywood gezielt.

Gene Wilder
am Joer 1984
Gebuertsnumm Jerome Silberman
Gebuer 11. Juni 1933
Milwaukee
Gestuerwen 29. August 2016
Stamford
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit USA
Educatioun University of Iowa,
Bristol Old Vic Theatre School,
Washington High School,
HB Studio
Aktivitéit Schauspiller, Filmregisseur, Komiker, Televisiounsschauspiller, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Diarist, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Regisseur
Famill
Bestuet mat Gilda Radner
Den Gene Wilder (2007)

Den Gene Wilder huet seng Schauspillercarrière an den 1960er Jore beim Theater ugefaangen. 1967 hat en a Bonnie and Clyde eng Nieweroll. Bekannt gouf en duerch dräi Filmer vum Mel Brooks: deem säi Filmdebut The Producers; Young Frankenstein, an deem en d'Haaptroll als "Doctor Fronkensteen" hat, an d'Westernparodie Blazing Saddles.

1971 huet hien de Willy Wonka a Willy Wonka & the Chocolate Factory gespillt, an en hat dat Joer drop am Woody Allen sengem Everything you allways wanted to know about Sex eng Roll als Schofs-Amant. Tëscht 1976 an 1991 huet hie mat sengem Co-Star Richard Pryor véier Kaméidistécker gedréint, déi grousse Succès haten, dorënner Silver Streak.

Tëscht 1975 an 1986 huet hie selwer als Regisseur an Auteur 5 Kaméidisfilmer dirigéiert, dorënner The Adventure of Sherlock Holmes' Smarter Brother (1975), The Worlds Greatest Lover (1977) a Woman in Red (1984, e Remake vun Un éléphant ça trompe énormément). De leschtgenannte war säi gréisste Succès.

Vun 1993 bis 2003 ass de Wilder just nach an Tëleesfilmer a -serien opgetrueden.

Hien huet och 5 Bicher geschriwwen, dorënner Gilda's Disease iwwer seng Fra Gilda Radner, déi 1989 u Kriibs gestuerwe war, seng Memoiren (Kiss Me Like a Stranger), Kuerzgeschichten an ee Roman.

Filmographie (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gene Wilder – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "US-Komiker Gene Wilder gestorben." welt.de, 2016-08-29|