Nationalstrooss 5F

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg

D'Nationalstrooss 5F oder N5F ass eng kleng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Esch-Uelzecht.

Nationalstrooss 5F
Op der N5F am Agank vu Rodange
Verbindung N5 - N804 (Belsch)
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Koordinaten 49°32'41,10"N, 5°49'16,79"O
Koordinaten 49°32'50,39"N, 5°49'10,56"O
Längt 320 m
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 5F
Laf an Uschlëss
Rodange N 5
CFL Streck 7
Kuer
Attem N 804

Se leeft zu Rodange am Flouer Dessous le chemin du Clopp an nërdlecher Richtung vun der N5 (bei der Kräizung Route de Longwy / Rue Fontaine d'Olière) fort an da kuerz drop iwwert d'Eisebunn. Se leeft virun a Richtung Mäertesbierg bis s'am Dräilännereck iwwert d'Kuer leeft, déi d'Grenz mat der Belsch mécht. Hannendrun ass s'un déi belsch N804 ugeschloss.

Se ass 320 m laang[1].

Entwécklung vun der N5F änneren

D'Streck gouf 1977 gebaut an uganks als „Staatsstrooss ouni Statut“ gefouert, ier se mam Gesetz vum 22. Dezember 1995 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau als Nationalstrooss klasséiert gouf[1].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nationalstrooss 5F – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 (fr)Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 16.04.2023.