Nationalstrooss 5C

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg

D'Nationalstrooss 5C oder N5C ass eng kleng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Esch-Uelzecht.

Nationalstrooss 5C
Verbindung N5 - N31
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Péiteng,
Nationalstrooss 5
Koordinaten 49°33'22,39"N, 5°52'33,96"O
Enn Péiteng,
Nationalstrooss 31
Koordinaten 49°33'35,60"N, 5°52'20,57"O
duerch Péiteng
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 5C
Laf an Uschlëss
Péiteng N 5
N 5B
Kuer
N 31

Se geet zu Péiteng vun der N5 vun der Kräizung Route de Luxembourg - Rue Jean-Baptiste Gillardin aus an nordwestlecher Richtung fort. Se geet duerch d'Rue Jean-Baptiste Gillardin an duerno parallel mat der N5B (Rue de l'Église) bis se am Rond-point op d'N31 (Avenue de l'Europe) stéisst.

D'N5C ass nëmmen am Sens unique an Nord-Süd Richtung ze befueren. An der anerer Richtung muss een duerch N5B fueren.

D'N5C ass 560 m laang[1].

Entwécklung vun der N5C änneren

  • Vun 1958 bis 1995 hat d'Strooss déi vun der Rodanger Gare no Norde bis op d'belsch Grenz gelaf ass an aus der fréierer N33 entstane war, d'Nummer N5C, bis se 1995 ëmgenannt gouf.
  • Mam Gesetz vum 22. Dezember 1995 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau krut d'Péitenger Gemengestrooss Rue Gillardin de Statut vun enger Nationalstrooss[1][2].

Um Spaweck änneren

Commons: Nationalstrooss 5C – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 (fr)Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 16.04.2023.
  2. Am Gesetz vun 1995 ass d'Strooss als „5D“ genannt, se gëtt awer an der Realitéit mat „5C“ bezeechent.