De Marcel Léon Pierre Schintgen, gebuer de 25. Abrëll 1891 zu Péiteng a gestuerwen de 7. September 1979 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker an Direkter vun der Minn Renkert zu Péiteng.[1],[2]

Marcel Schintgen
Gebuertsnumm Marcel Léon Pierre Schintgen
Gebuer 25. Abrëll 1891
Péiteng
Gestuerwen 7. September 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Buergermeeschter

Buergermeeschter vu Péiteng änneren

Am Oktober 1924 ass de Marcel Schintgen als Vertrieder vun der Sektioun Péiteng an de Gemengerot vun der Gemeng Péiteng gewielt ginn. Am Januar 1925 ass hie Buergermeeschter vu Péiteng ginn. An de Wale vun 1928 ass hie bestätegt ginn a vum Januar 1929 bis den Dezember 1934 war hien op en Neits Buergermeeschter vu Péiteng. Vun 1935 u war hien einfache Conseiller, well e seng Majoritéit bei de Wale vum Oktober 1934 verluer hat. Säin Nofollger gouf de Pierre Hamer vun der Aarbechterpartei.[1]

Deputéierten an der Chamber änneren

Den 3. Juni 1934 huet de Schintgen bei de Chamberwalen op der Lëscht vun der Rietspartei am Walbezierk Süden kandidéiert a gouf Deputéierten. Säin Deputéiertemandat hat hie bis 1940, an zwar bis d'Chamber den 22. Oktober 1940 vum däitschen Okkupant opgeléist ginn ass.[1]

No der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d'US-Army konnten déi fréier Deputéiert, also och de Marcel Schintgen, hiert Mandat, dat duerch den Arrêté grand-ducal vum 7. Juli 1944 bis zu deenen nächste Wale verlängert gi war, nees ophuelen. D'Chamber ass de 6. Dezember 1944 zesummekomm, konnt awer net vill maachen, well de Quorum net erreecht gouf. Un dëser Sëtzung, déi déi eenzeg vun der Sessioun 1944/1945 war, huet de Marcel Schintgen net deelgeholl.[3]

Seng Parteikolleegen haten him „geroden“, op säin Deputéiertemandat ze verzichten, well him eng antipatriotesch Haltung wärend der Besatzungszäit am Zweete Weltkrich virgeworf géif.[1]

Duerch Arrêté grand-ducal vum 22. Februar 1945 gouf d'Chamber, déi fir de Moment net funktiounsfäeg war, duerch eng Assemblée consultative ersat. Am Prinzip hätten all déi fréier Deputéiert Member vun dëser Assemblée solle sinn. Op der Lëscht, déi d'Regierung opgestallt huet, huet awer ënner aneren den Numm vum Marcel Schintgen gefeelt.[3]

Konkreet gouf dem Schintgen virgeworf, een ze enke Kontakt mat dem däitschen Okkupant gehat ze hunn. Wéi den Historiker Paul Cerf notéiert, huet et sech am Fall Schintgen éischter ëm Onvirsiichtegkeet gehandelt, an net ëm Kollaboratioun. Dem Schintgen säin Dossier gouf de 24. Mäerz 1950 klasséiert.[4][1]

Member vum Conseil supérieur des mines änneren

An den 1930er Jore war de Schintgen Member vum Conseil supérieur des mines.[5]

Éieremember vun der SNL änneren

De Marcel Schintgen ass 1926 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) ginn. Hien huet bei verschiddenen Excursioune vun der SNL als Guide fungéiert. Am Januar 1977 gouf hien Éieremember vun der SNL genannt. Hien huet deemools um Houwald gewunnt.[1]

Zu Rolleng ass eng Strooss no him benannt: Rue Marcel Schintgen (L-4889).

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Massard, J. A., 2018. Paul Wilwers (1876-1967), Bahnhofsvorsteher in Luxemburg, Pilzkenner und Ehrenmitglied der „Société des naturalistes luxembourgeois“. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 12, S. 3-29 (Marcel Schintgen: S. 21-23).
  2. Kuck och: De Marcel Schintgen op
  3. 3,0 3,1 Cf. Massard, J. A., 2019. Der Arbed-Ingenieur Will Theves, Escher Stadtrat, liberaler Abgeordneter, Opfer der Nazis und einer politischen Intrige. Erweiterte Version eines zweiteiligen „Journal“-Artikels. Online-Publikatioun, Säit 13.
  4. Cerf, P., 1978. Les députés luxembourgeois sous l'occupation allemande. Mai 1940 - septembre 1944. Hémecht 30 (1978) (4), S. 511s.
    Cerf, P., 1980. De l'épuration au Grand-Duché de Luxembourg après la seconde guerre mondiale. Luxembourg, S. 104.
  5. Arrêté du 28 décembre 1937, portant renouvellement du Conseil supérieur des Mines.