Christine Schweich

lëtzebuergesch Politikerin

D'Christine Schweich gebuer den 8. Dezember 1983 an der Stad,[Source?] ass eng lëtzebuergesch Affekotin a Lokalpolitikerin (LSAP, zanter 2023 DP). Si ass am Gemengerot vun der Gemeng Monnerech a war tëscht 2013 an 2017 do och Buergermeeschtesch.[1]

Christine Schweich
Gebuer 8. Dezember 1983
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot

Liewen a Karriär änneren

D'Christine Schweich ass zu Monnerech opgewuess. Hire Papp ass Generalist zu Monnerech.[2] Si huet zu Aix-en-Provence, zu München an zu London Droit studéiert.[3]

Gemengepolitik änneren

An hirer Zäit als Studentin gouf si vun de Monnerecher sozialistesche Politiker Jean Orlando an Dan Kersch kontaktéiert, fir op der Lëscht vun der LSAP bei de Gemengewalen unzetrieden.[4] Deemools huet si nach ofgesot, gouf dunn 2008 awer nach eng Kéier gefrot a si ass politesch aktiv ginn.[4]

Bei de Gemengewalen 2011 krut si déi drëttmeescht Stëmmen op der sozialistescher Lëscht an d'LSAP déi absolut Majoritéit.[2] Zwee Joer drop ass de Buergermeschter Dan Kersch Inneminister ginn an d'Christine Schweich huet säin Amt iwwerholl. De Jean Orlando, den Zweetgewielten op der LSAP-Lëscht 2011, hat hir de Virrang iwwerlooss.[2],[5] Si war zu deem Zäitpunkt 30 Joer al an domat déi jéngst Buergermeeschtesch am Land.[4]

Als LSAP-Spëtzekandidatin bei de Gemengewalen 2017 krut d'Christine Schweich zwar déi meescht Stëmme vun alle Kandidaten[6] an d'LSAP ass déi stäerkst Partei bliwwen (39% vun de Stëmmen), mee si huet hir absolut Majoritéit verluer an 11 % manner Stëmme wéi bei de Wale virdru kritt. Doropshin hunn d'CSV an d'DP hu koaléiert an de Jeannot Fürpass (CSV) gouf Buergermeeschter.[7],[8]

Bei de Gemengewalen 2023 war d'Christine Schweich erëm d'Spëtzekandidatin vun der LSAP.[9] No de Walen huet si d'LSAP verlooss fir Member vun der DP ze ginn.[10]

Aner Funktiounen änneren

Zënter 2014 ass d'Christine Schweich d'Tresorière vum Exekutivbureau vun hirer Partei.[11],[12],[13],[14]

Si war eng vun de Verantwortleche vu "Jonk Jeeër", enger Grupp an der Jeeërfederatioun,[15] a war Member am Verwaltungsrot vun natur&ëmwelt.[16]

Referenzen änneren

  1. tageblatt.lu: Christine Schweich übernimmt vum Desislava Schengen (4. Dezember 2013)
  2. 2,0 2,1 2,2 tageblatt.lu: Gewinner steht fest, Ausgang ist offen vum Armand Back (3. Oktober 2017)
  3. Luxemburger Wort: Monnerich: Christine Schweich für Dan Kersch (5. Dezember 2013)
  4. 4,0 4,1 4,2 lessentiel.lu: «Ma vie ressemble à un TGV qui n'a pas de freins», Interview mam Emmanuelle Ravets (29. Januar 2014)
  5. gouvernement.lu: Assermentation du nouveau bourgmestre et d’un nouvel échevin de la Commune de Mondercange (19. Dezember 2013)
  6. tageblatt.lu: Intrige in Monnerich vum Dhiraj Sabharwal (10. Oktober 2017)
  7. wort.lu: Jeannot Fürpass wird Bürgermeister vum Michel Thiel (9. Oktober 2017)
  8. lequotidien.lu: Mondercange : Le LSAP sera dans l’opposition vum Guillaume Chassaing (11. Oktober 2017)
  9. rtl.lu: Christine Schweich Spëtzekandidatin bei Gemengewalen (2. Juni 2023)
  10. "Christine Schweich erkläert Wiessel bei DP." rtl.lu, 27.06.2023-
  11. lessentiel.lu: Claude Haagen succède à Alex Bodry (30. Mäerz 2014)
  12. wort.lu: Haagen und Cruchten wollen weitermachen vum Teddy Jaans (16. Mäerz 2016)
  13. tageblatt.lu: Franz Fayot und der neue Stil der Sozialisten vum Pol Schock (24. Januar 2019)
  14. reporter.lu: Sozialisten mit neuer Doppelspitze (7. Mäerz 2022)
  15. lessentiel.lu: Les jeunes chasseurs jouent la carte séduction vum Joseph Tripodi (25. November 2010)
  16. land.lu: Wer ist hier Jäger? vum Peter Feist (13. Mäerz 2015)