Dan Kersch
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Dan Kersch, gebuer de 27. Dezember 1961[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP, bis 1991 KPL[2]).
Dan Kersch | |
---|---|
Gebuer |
27. Dezember 1961 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP |
Hie gouf de 5. Dezember 2018 Minister fir Aarbecht a Sozialwirtschaft, sou wéi Minister fir Sport an der Regierung Bettel-Schneider-Braz. Bei enger Ëmbildung, nom Depart vum Etienne Schneider, gouf hien de 4. Februar 2020 zousätzlech Vizepremier[3]. Op de 5. Januar 2022 huet hie vu senge Ministeschfonctiounen demissionéiert, fir den 11. Januar nees Deputéierten an der Chamber ze ginn.[4],[5]
Karriär
ännerenDen Dan Kersch war vun 2005 bis 2013 Buergermeeschter vun der Gemeng Monnerech, war vun 2009 bis 2012 President vum SYVICOL a war vum 14. Dezember 2011 bis den 13. November 2013 Member vum Staatsrot[6]
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf hien an d'Parlament gewielt an do den 13. November vereedegt[7]. Hien huet awer op säin Deputéiertemandat verzicht, fir Inneminister, Minister fir d'Fonction publique an der Regierung Bettel-Schneider ze ginn. Bei deene vum 14. Oktober 2018 gouf hien erëmgewielt[8], an huet op en Neits säi Chambermandat opginn, fir Minister fir Aarbecht an Économie sociale et solidaire, a Sportsminister an der Regierung Bettel-Schneider-Braz ze ginn.
Vum 4. Februar 2020 bis de 5. Januar 2022 war hien zousätzlech Vizepremier an der ewell Regierung Bettel-Kersch-Bausch genannter Regierung. Den 29. November 2021 huet hie matgedeelt säi Ministerposten am Januar 2022 opzeginn an als Deputéierten an d'Chamber ze goen[9]. Hien huet säi Mandat bis un d'Enn vun der Chambersessioun 2022-23 ausgefëllt.
Um Spaweck
ännerenCommons: Dan Kersch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Lëscht vun alle Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ "Der linke Flügel der LSAP." in: d'Lëtzebuerger Land, 19. Mai 2011, gekuckt de 4. Feb. 2020.
- ↑ "Remaniement ministrériel." Communiqué op gouvernement.lu, 4. Feb. 2020.
- ↑ "Das Personalkarussell dreht sich." wort.lu, 4.Jan.2022.
- ↑ "Trois nouveaus députés à la Chambre." Communiqué op chd.lu, 2022-01-11.
- ↑ Annonce vum Dan Kersch senger Vereedeguing als Member vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert de(n) 2012-04-14. Gekuckt de(n) 2012-12-15.
- ↑ "Dan Kersch: Vum Staatsrot an d'Chamber." RTL.lu - 11.11.2013, 15:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.11.2013, 15:22.
- ↑ elections.lu.
- ↑ Comité directeur vun der LSAP: Kersch a Schneider gi Posten un Engel an Haagen weider. www.rtl.lu (30.11.2021). Gekuckt de(n) 30.11.2021.