Uergel Kierch Monnerech

Nodeem 1857 an der Monnerecher Kierch en Duxall agebaut gouf, krut déi Barockkierch 1874 hir éischt Päifenuergel. Se gouf vun der Uergelmanufaktur Breidenfeld vun Tréier gebaut an 1922 vum Uergelbauer Sekundus Fischer vu Kruuchten/Lëntgen ëmgebaut.

Déi „nei“ Uergel änneren

Zanter 2004[1] steet an der Monnerecher Kierch eng Uergel déi vun der Uergelmanufaktur Oberlinger gebaut gouf[1]. Se huet 24 Regësteren an zwéi Manualer[1]. D'Haaptwierk huet als Basis en zouent Prizipalplenum mat Montre 8', deen am Uergelprospekt steet. D'Päife vun alle Prinzipalregëstere sinn aus héichprozentegen Zënnalliagen, bei de Propektpäife sinn et 78 % a bei de bannenzege 70 %.

D'Lëtzebuerger Post huet 2015 en Timber mat der Uergel erausbruecht.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Der bescheidene Begleiter - Der ehemalige Lehrer Edy Lux ist seit 50 Jahren als Organist in Monnerich tätig op wort.lu den 29. November 2017