Haaptmenü opmaachen

Hôpital Princesse Marie-​​Astrid

Spidol zu Nidderkuer


D'Hôpital Princesse Marie-​​Astrid (HPMA) ass e Spidol zu Nidderkuer an der Gemeng Déifferdeng, dat haut zum Centre hospitalier Émile-Mayrisch (CHEM) gehéiert.

Hôpital Princesse Marie-​​Astrid
Hôpital Princesse Marie-Astrid, Nidderkuer-101.jpg
Nidderkuerer Spidol
Land Lëtzebuerg
Plaz Nidderkuer
Adress 187, Avenue de la Liberté
L-4602 Nidderkuer
Koordinaten 49° 31’ 57.6’’ N
05° 53’ 10.1’’ O
Status Spidol
Better 202 (2019)[1]
Datum vum Bau 1978-1981
(Aweiung:05.09.1981)[2]
Proprietär Gemeng Déifferdeng
Gemeng Péiteng
Gemeng Käerjeng
Websäit www.chem.lu

GeschichtÄnneren

1974 gouf de Projet vun engem regionale Spidol fir d'Gemengen Déifferdeng, Péiteng an Nidderkäerjeng lancéiert.[3]

1981 waren d'Bauaarbechte fäerdeg an Enn 1981 konnten déi éischt Patienten empfaange ginn.[3] Déi offiziell Aweiung war de 5. September 1981 a Presenz vun der Prinzessin Marie-Astrid. Den Numm vum Spidol gouf am Kader vun engem Concours, dee fir d'Schüler aus den dräi Gemengen op war, gewielt.[2]

De 17. Dezember 2007 ass déi offiziellen Konventioun fir mam CHEM ze fusionéieren ënnerschriwwe ginn. Déi Fusioun huet 2008 stattfonnt.[3] Zënter 2013 ass zu Nidderkuer ënner anerem d'Réckeklinik vum CHEM.[1]

Am Mäerz 2019 war annoncéiert ginn, datt d'Spidol wéinst der Presenz vun Asbest am Gebai 2024 oder 2025 sollt ofgerappt ginn.[4][5] Déi Noriicht hat fir Opreegung gesuergt a gouf de Mount drop vum Buergermeeschter Roberto Traversini dementéiert. Déi endgülteg Entscheedung iwwer d'Zukunft vum Gebai géif viraussiichtlech net virun 2023 getraff ginn.[6][7]

2023 sollen déi dräi Site vum CHEM, dorënner och d'Hôpital Princesse Marie-​​Astrid, am Projet Südspidol zu Esch-Uelzecht regroupéiert ginn.

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren