Christiane Rausch

lëtzebuergesch Schauspillerin, Regisseurin a Politikerin
(Virugeleet vu(n) Christiane Brassel-Rausch)

D'Christiane Rausch, bestuet Brassel-Rausch, gebuer ëm 1958[1], ass eng lëtzebuergesch Theater- a Filmschauspillerin, Regisseurin[2], Enseignante a Politikerin.

Christiane Rausch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Politiker, Enseignant
Partei déi gréng

No hirer Première am Escher Jongelycée ass si op d'Uni gaangen an huet zéng Joer laang am Ausland gelieft. Si ass duerch en Zoufall, fir eng Roll, nees op Lëtzebuerg zeréckkomm wou si ëmmer erëm Rollen ugebuede krut, ouni datt si d'Schauspillerei geléiert hat[3].

Politik änneren

D'Christiane Rausch ass zanter de Gemengewalen 2017 fir Déi Gréng am Déifferdenger Gemengerot[4] an huet do e puer Méint am Schäfferot d'Laura Pregno ersat.[5].

Den 9. Oktober 2019 gouf si, nom Récktrëtt vum Roberto Traversini, zu der neier Buergermeeschtesch vun Déifferdeng gewielt.[6] Si gouf de 25. Oktober 2019 vereedegt.[7]

D'Christiane Rausch ass och Presidentin vun déi Gréng Déifferdeng[8].

Si wunnt zanter 1988 an der Gemeng Déifferdeng, ass bestuet an huet zwee Kanner.

Filmographie änneren

Kuerzfilmer änneren

Tëlee-Serien änneren

Theaterstécker (Auswiel) änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Christiane Brassel-Rausch: "Der Wille zum Neuanfang ist da". wort.lu (11/10/2019). Gekuckt de(n) 13/10/19.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Portrait - Christiane Rausch op renaissance-theater.de, fir d'lescht gekuckt den 19. Mäerz 2019
  3. Valerija Berdi, Christiane Rausch - e Portrait, kuckt: um Spaweck
  4. Info Blat - Den analytesche Bericht vun der Stad Déifferdeng Nr. 5/2017, Säit 6, als Audio-Datei op differdange.lu (fir d'lescht gekuckt de 5. Februar 21148)
  5. Traversini-Nachfolge: Liesch und Brassel laut RTL-Informationen im Gespräch
  6. Christiane Brassel-Rausch als Bürgermeisterin von Differdingen gewählt." wort.lu, 9. Oktober 2019.
  7. "Biissen an Déifferdeng kruten neie Buergermeeschter." rtl.lu, 25.10.2019 17:00.
  8. Christiane BRASSEL-RAUSCH. op deifferdeng.greng.lu. Gekuckt de(n) 24/09/2019.
  9. Rhinocéros – Ionesco op theatreinfo.lu, fir d'lescht gekuckt den 19. Mäerz 2019