Jean Conzemius (Buergermeeschter)

lëtzebuergesche Politiker an Dokter
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Dokter Jean Nicolas Conzemius. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Conzemius.

De Jean Nicolas Conzemius, gebuer den 13. Mee 1839[1] zu Ierpeldeng a gestuerwen de 6. Juni 1918 zu Déifferdeng[2], war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.

Jean Conzemius
Gebuer 13. Mee 1839
Ierpeldeng
Gestuerwen 6. Juni 1918
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Politiker
Famill
Kanner Émile Conzemius

De Jean Nicolas Conzemius huet am November 1867 säin Doktorat an der Medezin an an der Chirurgie zu Lëtzebuerg gemaach[3] a sech duerno zu Ettelbréck als Doktor etabléiert[4]. 1872 huet hie sech zu Housen niddergelooss, an 1873 zu Déifferdeng.[5]

De Conzemius war Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng vun 1906 bis 1912. Den Déifferdenger Gemengerot huet enger Strooss an der Stad Déifferdeng (Quartier Fousbann) säin Numm ginn: rue Dr. Conzemius.[6]

De Conzemius war Member vun der Société des sciences médicales [7] a vun 1872 u vun der Société de botanique[8] respektiv der Société des naturalistes luxembourgeois (bis zu sengem Doud[9]).

Säi Fils war den Émile Conzemius, deen als Dokter am Kongo geschafft huet.

Literatur änneren

  • Fleischhauer, R., 2015. Ein Arzt als Bürgermeister. In: DiffMag, le magazine de la ville de Differdange, 07/15, S. 24-26. [3]
  • Flies, J., 1970. Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 2274 S. [Johann-Nikolaus Conzemius: S. 1549].
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg, S. 1-652 [Jean Nicolas Conzemius: S. 273-274].
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 S. [Jean Nicolas Conzemius: S. 24-25].

Referenzen änneren

  1. Liez 1886, S. 24; Kugener 2005, S. 273. — Verschidde Quellen ginn de 16. Abrëll 1839 als (falschen) Gebuertsdatum un (z. B. Flies 1970, S. 1549).
  2. Luxemburger Wort 1918, Nr. 158 (7. Juni), S. 2 (avis mortuaire) [1], cf. Flies 1970, S. 1549 a Kugener 2005, S. 274. – Fleischhauer (2015) schreift, de Conzemius wier zu Ierpeldeng gestuerwen.
  3. Kugener 2005, S. 273.
  4. Liste générale des personnes autorisée à exercer une branche quelconque de l'art de guérir ou une profession qui s'y rattache. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1868, seconde partie, N° 1 (8 janvier), S. 2 [2]. — D'Joer 1864, dat een z. B. bei Flies 1970, S. 1549, oder Kugener 2005, S. 273, fënnt, schéngt en Drockfeeler ze sinn.
  5. Kugener 2005, S. 274. — Flies 1970, S. 1549, a Fleischhauer 2015 gi fir Déifferdeng d'Joer 1874 un, wat net stëmmt.
  6. Fleischhauer 2015.
  7. Liez 1886.
  8. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg 1 (1874), S. 7.
  9. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 28 (1918), S. 112.