Schlass Gerlache
D'Schlass Gerlache zu Déifferdeng gouf am 16. Joerhonnert gebaut. Säin Numm huet et vum virleschte Proprietär, dem Alexandre de Gerlache, deen do mat senger Famill gewunnt huet.
![]() De Pavillon beim Gerlache-Park, dat eenzegt dat vum Schlass iwwereg bliwwen ass | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Déifferdeng |
Datum vum Bau | 16. Joerhonnert |
Ofgerappt oder zerstéiert | 1920er |
Proprietär | Alexandre de Gerlache |
Genannt no | Alexandre de Gerlache |
![]() |
Wéi d'Faillite vu senger Gesellschaft, der Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange, där d'Déifferdenger Schmelz gehéiert huet, e gezwongen huet, säi Besëtz no an no ze verkafen, ass den de Gerlache op Bréissel geplënnert. D'Schlass stoung du sou gutt wéi eidel a gouf am Éischte Weltkrich vun däitschen, duerno vun US-amerikaneschen Truppe benotzt.
An den 1920er Joren huet d'Déifferdenger Gemeng d'Schlass mat senge Lännereien opkaf. D'Gebai gouf ofgerappt, d'Hallschent vun den 1,7 ha grousse Lännereie gouf urbaniséiert a bebaut, de Rescht gouf an e Park, de Park Gerlache, transforméiert.
Ausser e puer ale Beem ass just nach e Pavillon, deen zum Schlass gehéiert hat, erhalen.