Kulturzentrum Aalt Stadhaus
D'Aalt Stadhaus ass e regionale Kulturzentrum dee seng Dieren den 31. Januar 2014 zu Déifferdeng opgemaach huet.[1] D'Leit konnte bei enger Porte ouverte, den 1. an 2. Februar 2014, dat neit Gebai kenneléieren.[2] Den éischte Concert war de 7. Februar 2014.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Déifferdeng |
Plaz | Déifferdeng |
Adress | 38, avenue Charlotte |
Koordinaten | 49°31'15,370"N, 5°53'15,803"O |
Proprietär | Déifferdeng |
Zweck | Kulturzentrum |
D'Gebai besteet aus 6 Deeler:
- E grousse Sall mat enger Capacitéit vun 201 Plazen fir Concerten, Theatervirstellungen, Stand-up Comedy, Konferenzen a villes méi.
- Eng Salle polyvalente mat enger Capacitéit vu 60 Plazen.
- Déifferdenger Museksschoul mat ronn 830 Schüler.[3]
- Déifferdenger Bibliothéik mat ronn 42.000 Wierker.
- Kulturbüro vun der Stad Déifferdeng, deen och zoustänneg fir d'Programmatioun vum Gebai ass.
- E Bar-Restaurant.
Geographesch läit de Kulturzentrum Aalt Stadhaus am Zentrum vun der Stad Déifferdeng an der Avenue Charlotte.
De Kulturzentrum gouf fir de Mies-van-der-Rohe-Präis 2015 nominéiert, deen awer schliisslech d'Philharmonie Stettin krut .
Um Spaweck
ännerenCommons: Aalt Stadhaus (Differdange) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Differdingen: "Aalt Stadhaus" eingeweiht op wort.lu vum 31. Januar 2014
- ↑ Differdingen: "Aalt Stadhaus" eingeweiht op wort.lu vum 1. Februar 2014
- ↑ In Differdingen ist die Musikschule Opfer des eigenen Erfolgs op tageblatt.lu vum 28. Januar 2020