D'Kierch vu Räichel ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Réiden op der Atert gehéiert.

Kierch vu Räichel
Filialkierch vu Räichel (2013)

Filialkierch vu Räichel (2013)
Filialkierch vu Räichel (2013)
Uertschaft / Plaz Räichel
Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Celsus
Architekt(en) Charles Arendt
Baujoer 1855
Koordinaten 49° 46’ 22.3’’ N
      5° 55’ 37.2’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Celsus, deem säi Fest den 23. Februar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue Mgr Jean Bernard mat der rue de Saeul, der N12.

Zanter dem 17. Dezember 2001 steet d'Kierch am Inventaire Supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als "Nationaalt Monument".

Geschicht änneren

Déi elegant Kierch gouf 1855 no Pläng vum Architekt Charles Arendt opgeriicht. De Banneraum gouf nom Zweete Vatikanesche Konzil nei amenagéiert. D'barock Statue si vum Michel Weiler.

Bis zum 7. Mee. 2017 war et eng Filialkierch vun der Par Osper. Zur fréierer Par Osper huet ausser der Filialkierch vu Räichel och nach d'Dekanatskierch vun Osper gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Räichel – Biller, Videoen oder Audiodateien