D'Kierch vun Ielwen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Biekerech gehéiert.

Kierch vun Ielwen

Uertschaft / Plaz Ielwen
Par Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hellege Blasius
Baujoer 1761
Koordinaten 49° 43’ 27.3’’ N
      05° 54’ 58.3’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Blasius, deem säi Fest den 3. Februar gefeiert gëtt.

Se steet op der Haaptstrooss, dem CR301.

Den 20. Mäerz 2019 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

D'Par Ielwen huet nach eng Filial zu Schweech. Vun der Kapell zu Schweech aus geet e Kräizwee aus der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert bis erof bei d'Kierch zu Ielwen.

Geschicht

änneren

D'Kierch vun Ielwen ass deelweis nach aus dem 12. Joerhonnert.

Den Altor an 2 Statue vum hellege Cornelius a vum hellegen Theobald sinn am Barockstil vum 18. Joerhonnert.

Um Kierchtuerm steet d'Joreszuel 1761.

 
D'Ielwener Kierchenuergel
 
Den Altor aus dem Barock
 
Den ale Priedegtstull

D'Uergel an der Kierch gouf 1958 ënner der Direktioun vum Nic. Loewen vu Lëntgen gebaut. Zanterhier gouf net méi dru geschafft, soudatt d'Instrument am Originalzoustand ass.

Den Opbau vun der Uergel:

  • I Haaptwierk (5 Reg.)
  • II Schwellwierk (7 Reg.)
  • Pedall (3 Reg.)

Den Ament, Mee 2015, gëtt et Problemer mat dem Instrument, soudatt leider net drop ka gepillt ginn.

Monument aux morts

änneren

De Monuments aux morts, deen 1969 realiséiert gouf, steet direkt virum Kierchtuerm vun der Parkierch an dréit d'Opschrëft: Fir d'Hemecht gestuerwen 1940-1945.

Paschtéier vun der Par Ielwen

änneren
  • 1. Lambertus (virun 1254-†1263)
  • 2. Jacobus (1263-1268)
  • 3. Arnold Reis, Habscht (1268-1277)
  • 4. Henricus (1277-?)
  • ... (keng Donnéeën)
  • 5. Joannes (1351-1358)
  • 6. Joannes, Mondorf (1358-1366)
  • 7. Theodoricus, Neuerburg (3.3.1371-?)
  • ... (keng Donnéeën)
  • 8. Clais Seligs († viru 1425)
  • 9. Joannes Berg († viru 1485)
  • 10. Nicolas, Biekerech (21.2.1485-?)
  • ... (keng Donnéeën)
  • 11. Joa. Hollenstein, Schweech (1548-1581)
  • 12. Nicolaus Wickerig (1581-1612)
  • 13. Joa. Leon, Ottweiler (1612-1621)
  • 14. Ant. Stoultgen, Mariendall (1621-1654)
  • 15. Joannes Nothum (1654-1678)
  • 16. Car. Mercatoris, Dikrech (1678-†1716)
  • 17. Joa. Feller, Schweech (1716-1717)
  • 18. Nicolaus Becker (1717-†1740)
  • 19. Michael Wagener (1740-1741)
  • 20. Aug. Becker, Gousseldeng (1741-†1771)
  • 21. Nicolaus Dernoeden (1771-1772)
  • 22. Mich. Barthel, Riedgen (1772-†1812)
  • 23. Joa. Gul. Kramp, Grooljen (1812-1828)
  • 24. Joa. Nic. Stoffel, Biissen (1828-†1857)
  • 25. Michael Kraus, Miersch (1857-1873)
  • 26. Jos. Menningen, Iechternach (1873-1895)
  • 27. Fr. Jos. Leonardy, Ouljen (1895-1926)
  • 28. Martin Majeres, Feelen (1926-†1929)
  • 29. Alb. Linkels, Angelduerf (1929-1948)
  • 30. Joa. Dernoeden, Eschduerf (1948-1973)
  • 31. Raym. Scholtes, Esch-Uelzecht (1973-†2000), leschte Paschtouer deen am Paschtoueschhaus nieft der Kierch gewunnt huet
  • 32. John. Bintz, Useldeng (2000-2004)
  • 33. Nicolas Hardt, Grooljen (2004-2005)
  • 34. Denis Wellisch, Colmar (Fr.) (2005-2010)
  • 35. Mathieu Henri Janssen (zanter 2010)
 
D'Kierch vun Ielwen (Nordsäit); riets am Eck: dat aalt Paschtoueschhaus vun 1861
 
D'Kierch vun Ielwen (Südsäit)
 
De Monument aux morts vun 1969 virum Kierchtuerm

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierch Ielwen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).