Kierfecht um Fetschenhaff

Ee vun de 14 Kierfechter an der Kompetenz vun der Stad Lëtzebuerg


De Kierfecht um Fetschenhaff, och alt Zensser Kierfecht (offiziell Cimetière de Fetschenhof), läit um Fetschenhaff am Quartier Zens vun der Stad Lëtzebuerg an ass ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.

Kierfecht um Fetschenhaff
Luxembourg, cimetière Fetschenhof (115).jpg
De Kierfecht um Fetschenhaff mat de Gebaier um Kierchbierg am Hannergrond
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Fetschenhaff
Adress 81 rue de Trèves
Fläch 3,7782 ha
Ugeluecht 1833
Koordinaten 49° 36’ 51.26’’ N
      06° 09’ 10.51’’ O
Gestioun Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg
Luxembourg, cimetière Fetschenhof situation.jpg

Geschicht[1]Änneren

De Kierfecht gouf 1833 ugeluecht nodeems d'Terrainen dofir dat Joer virdru kaaft gi waren[2]. E louch deemools um Gebitt vun der Gemeng Sandweiler bis ë. a. den Zens an den Tawioun 1874 an déi nei Gemeng Hamm integréiert goufen. Zanter der Gemengefusioun vun 1920 gehéiert de Kierfecht schlussendlech zur Gemeng Lëtzebuerg.

Uganks war de Kierfecht fir déi Verstuerwen aus de Pare Saint-Michel (Fëschmaart) a Saint-Jean (Gronn) reservéiert. Vun 1853 u konnten och déi aus der Ënnerpéitruss, vum Verluerekascht, der Polvermillen, dem Neiduerf an d'Membere vun der Garnisoun do begruewe ginn.

1862 gouf de Kierfecht eng éischt Kéier vergréissert.

1919 huet den Nicolas Petit, Architekt vun der Stad, Sanitäranlagen an eng Morgue baue gelooss an där Autopsië gemaach konnte ginn.

Nationale protestantesche KierfechtÄnneren

Vun 1872 un huet déi protestantesch Communautéit acceptéiert fir a speziellen Deeler um Nikloskierfecht an um Fetschenhaff begruewen ze ginn. An de Joren 1873/74 gouf de Kierfecht vergréissert fir e speziellen Deel fir d'Protestanten aus dem ganze Land ze schafen, mat Ausnam vun deenen aus der Uewerstad, déi weiderhin um Nikloskierfecht begruewe goufen. Well et sech ëm en nationale Kierfecht gehandelt huet, huet de Staat sech finanziell un der Vergréisserung bedeelegt.

Kierfecht vun den Aarmen an de PrisonéierÄnneren

Duerch d'staatlecht Kannerheem op der Rumm, dem Hospice civil an dem Prisong am Gronn gouf en vun 1884 un eng nei Communautéit déi um Fetschenhaff begruewe gouf. Déi Mannerbemëttelt a Verurteelt goufen um Fetschenhaff begruewen, egal vu wou se gestaamt hunn. Um Fetschenhaffer Kierfecht gouf et dräi speziell Sektiounen, jee nodeem ob déi Verstuerwen aus dem Kannerheem, dem Hospice civil oder dem Prisong koumen. Jidderee krut awer en eegent Graf, nodeems d'Gemeinschaftsgriewer duerch en Dekret vun 1804 verbuede gi waren[3]. Op de Griewer gouf en einfacht hëlze Kräiz mat de Joreszuele vun der Gebuert an dem Doud drop opgeriicht, woubäi d'Kräizer wäiss oder – fir d'Prisonéier – schwaarz ugestrach goufen. Eréischt 1938 gouf dermat opgehalen déi Verstuerwen aus dem Prisong mat engem schwaarze Kräiz ze stigmatiséieren.

An der Zäit tëscht 1900 an 1915 goufen am Joer ronn 120 bis 130 Leit um Fetschenhaff begruewen, wouvun der alt bis zwee Drëttel vun der Rumm waren. De Grond waren déi ustiechend Kränkte wéi d'Riedelen, de Bloen Houscht, den Typhus, d'Tuberkulos asw. déi dacks net geheelt konnte ginn.

Fir Plaz fir zousätzlech Griewer ze kréien, goufen 1894 zéng Läichen ausgegruewen an ëmgebett ier de Kierfecht 1896, 1901-1903 an 1914/1915 op en Neits vergréissert gouf. Fir se zentral ze begruewen a sou eng eenheetlech Gedenkplaz ze schafen, goufen 1915 d'Läiche vun den däitschen Zaldoten déi an de lëtzebuergesche Spideeler gestuerwe waren, op den Zaldotekierfecht a Clausen transferéiert.

Nodeems den Hospice reorganiséiert an de Prisong 1984 op Schraasseg geplënnert war, gouf net méi no de Griewer gekuckt, sou datt d'Vegetatioun d'Iwwerhand geholl huet an hautdesdaags näischt méi vun deene Griewer ze gesinn ass.

GeographieÄnneren

De Kierfecht läit nërdlech vun der Tréierer Strooss a westlech vum Tawioun.

Monumenter um KierfechtÄnneren

  • Um Kierfecht steet eng Skulptur vun der Huguette Heldenstein.
  • E Monument erënnert un d'Affer déi beim Fligerugrëff op Clausen den 8. Juli 1918 ëmkomm sinn.

Griewer vu bekannte PerséinlechkeetenÄnneren

BillerÄnneren

LiteraturÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Kierfecht um Fetschenhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. (fr)Robert L. Philippart, Fetschenhof : un cimetière des pauvres âmes ? / Robert L. Philippart. Ons Stad, Nr 119/2018, p. 40-43 (2018). Gekuckt de(n) 01.11.2021.
  2. (fr)Robert L. Phillippart, De l'historicisme au modernisme - de la ville forteresse à la capitale nationale. https://www.archives-vdl.findbuch.net+(2006).+Gekuckt de(n) 31.10.2021.
  3. (fr)Le décret loi du 23 prairial an XII. www.resonance-funeraire.com (23 prairial an XII). Gekuckt de(n) 2021-11-06.