Fënsterschlass
D'Fënsterschlass war e fréiert Wunn- a Geschäftshaus an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Et läit um Eck vun der Aldrengerstrooss mat der Biedergaass.
![]() Dat neigebaute Fënsterschlass (2019) | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Adress |
Aldringestrooss Biedergaass |
Koordinaten | 49° 36’ 46.6’’ N 6° 07’ 36.5’’ O |
Status | Klasséiert Monument (IS), (SSMN) |
Datum vum Bau | 1876 |
HistoreschesÄnneren
D'Haus gouf 1876 no de Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt gebaut a war deemools dat héchsten Appartementshaus aus der Uewerstad. Et krut säin Numm wéinst de villen Ouverturen an der Fassad.
Wéinst der Fassad déi mat neogoteschen a Jugendstil-Elementer dékoréiert ass, gouf d'Haus 2007 an d'Lëscht vun den nationale Monumenter opgeholl[1], dëst nodeems d'Buchbënnerfamill Glesener d'Gebai verkaaft hat.
Nodeems dat historescht Gebai eng Rei Joren eidel stoung, gouf et 2015 bis op d'Fassade komplett ofgerappt, fir dann nees als neit Gebai mat aler Fassad opgeriicht ze ginn.[2]
BillerÄnneren
LiteraturÄnneren
- Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt Säit 98-99, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4
- Neues Leben für das historische "Fënsterschlass." www.wort.lu, 27. Mäerz 2014, fir d'lescht gekuckt de 5. Mäerz 2015.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Fënsterschlass – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Service des sites et monuments nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 17. November 2020).
- ↑ Jochen Zenthöfer: "Schützenswert? Was unterscheidet nationalen von kommunalem Schutz für Bauwerke?" in forum Nr. 354, September 2015.