D'Kierch zu Bech-Maacher ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schengen gehéiert. Bis zum bëscheeflechen Dekreet vum 6. Mee 2017 war Bech-Maacher eng eege Par am Parverband Schengen-Wellesteen, Pastoralregioun Osten.

Kierch vu Bech-Maacher
Parkierch vu Bech-Maacher (2012)

Parkierch vu Bech-Maacher (2012)
Parkierch vu Bech-Maacher (2012)
Uertschaft / Plaz Bech-Maacher
Par Dräilännereck
Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Hl. Rochus
Konsekratioun 1858
Architekt(en) Charles Arendt
Baujoer 1858
Koordinaten 49° 31’ 54.8’’ N
      06° 21’ 14.5’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Rochus, deen de 16. August gefeiert gëtt. D'Kierch dréit awer den Titel vum hellegen Haupert, deem säi Festdag den 3. November ass.[1] D'Kierch steet op der Kräizung vun der Wäistrooss (N10) mat der Kierchstrooss. De Kierfecht ass hanner der Kierch ugeluecht.

Den 30. September 2020 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[2]

Geschicht änneren

Bis zum Bau vun der Kierch am Joer 1858 haten déi zwou Kadastersektioune vum Duerf hir eege Kapell: d'Haupeschkapell an der Sektioun Bech zanter 1570, an d'Nikloskapell vu 1664 an der Sektioun Kleinmacher. Béid Kierche ware vun der Par Réimech ofhängeg. Fir eng eege Par ze ginn kruten d'Awunner d'Erlabnes eng nei Kierch am Zentrum vum Duerf ze bauen. No Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt gouf se 1858 konsekréiert. Am nämmlechte Joer gouf och de Kierfecht hanner der Kierch ugeluecht, bis dohi hunn d'Duerfbewunner missen zu Réimech begruewe ginn.[3]

D'Uergel änneren

D'Uergel staamt aus dem Joer 1937 a gouf vun der Uergelmanufaktur Georges Haupt vu Lëntgen gebaut.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Bech-Maacher – Biller, Videoen oder Audiodateien
 

Referenzen an Notten änneren

  1. cathol.lu
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. Baséiert op de Recherche vum Néckel Strotz: L'église de Bech-Kleinmacher