Haaptmenü opmaachen
Kierch vun Trënteng
Filialkierch vun Trënteng (2013)
Filialkierch vun Trënteng (2013)
Uertschaft / Plaz Trënteng
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Stephanus
Architekt(en) Charles Arendt
Baujoer 1857
Koordinaten 49° 34’ 24.2’’ N
06° 16’ 43.0’’ O
D'Trëntenger Kierch aus nordwestlecher Richtung gesinn
D'Trëntenger Kierch aus nordwestlecher Richtung gesinn
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Trënteng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Drailännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Waldbriedemes gehéiert.

D'Kierch, déi an der Kierchstrooss steet, ass der onbefleckter Empfängnis geweit. D'Fest gëtt den 8. Dezember gefeiert. Se huet als Patréiner den hellege Stephanus (Étienne). Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur Filial Trënteng gehéiert ausser der Kierch och nach d'Klaus-Kapell um Stiewesbierg (resp. Klausbierg).

Geschicht

Trënteng war schonn am Joer 1809 eng eegestänneg Par, allerdéngs hat se kee Paschtoueschhaus a sou gouf kee Geeschtleche fir d'Par fonnt. Doropshi gouf se 1827 rëm eng Filial vun der Par Waldbriedemes.

An den 1830er Joren gouf dunn e Parhaus gebaut an Trënteng gouf 1853 nees eng Par.

Nodeems schonn Enn vum 18. Joerhonnert déi al Trëntenger Kierch op der Klaus (vun där haut just nach de Chouer, déi aktuell Klauskapell um Stiefesbierg, erhalen ass), gouf iwwert Pläng fir eng nei Kierch nogeduecht. Déi Iddi ass awer réischt Mëtt vum 19. Joerhnonnert realiséiert ginn.

Mam Bau vun der aktueller Kierch gouf 1854 ugefaang a se gouf 1857 fäerdeg. D'Pläng ware vum Architekt Charles Arendt gezeechent ginn. Schonn 1880 huet d'Kierch misse vergréissert ginn, an den haitege Chouer gouf bäigebaut. Den 8. November 1857 gouf d'Kierch feierlech ageweit.

De 14. Oktober 2015 gouf d'Kierch inklusiv d'Miwwelen a mam Kierfecht ronderëm an d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Déi fréier Par Trënteng gouf de 7. Mee 2017 duerch d'Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas ersat.

Altor a Miwwelen

Den Héichaltor staamt aus dem Joer 1866. E gouf den 9. August 1871 vum Bëschof Nikolaus Adames konsekréiert. Déi 2 grouss Statuen um Haaptaltor si lénks den hellege Stephanus, mat engem Pällem-Wësch a mat enger Dalmatik ugedoen, a riets den hellege Rochus, mat Pilgerstaf, enger Peschtwonn um Been, a mat engem Hond.

Bis an d'1960er Jore gouf et och zwéi Säitenaltär: ee Jousefs- an e Muttergottesaltor.

Den Zelebratiounsaltor gouf aus Deeler vun der aler Kommiounsbänk aus dem Joer 1898 aus Marber zesummegebaut.

D Kierch huet 2 Beichtstill ënner dem Duxall, déi 1903 ugeschaaft goufen. Eppes Besonnesches, dat d'Kierch eenzegaarteg mécht, si 4 weider Beichtstill, déi ee bei Bedarf aus der Holzvertäfelung klappe kann.

D'Dafkapell am Agang vun der Kierch gouf 1927 ageriicht, den Dafsteen ass och haut nach erhalen, allerdéngs gëtt en net méi benotzt.

Am Ufank stoungen nach d'Bänken aus der aler Kierch vum Stiewesbierg (Klausbierg), der haiteger Klaus-Kapell dran. Kuerz nodeem d'Kierch 1880 vergréissert gouf, ass se mat neie skulptéierte Bänken equipéiert ginn. Och d'hëlze Vertäfelung déi haut nach do ass, staamt aus där Zäit. Déi skulptéiert Bänke si bis op e puer Ausnamen an de 60er Jore vum 20. Joerhonnert verbrannt ginn. 1954 huet d'Kierch nei Fënstere vum Glasmécher Gustave Zanter (1916-2001) kritt.

Am Chouer hänken zwee Biller, vun 1893 an 1894, vum Kënschtler Marius Grenier, deen an senger Jugendzäit dacks zu Trënteng war an säin Atelier zu Paräis hat. Déi Biller weisen op der enger Säit de Paschtouer Michael Molitor, dee virum hellege Stephanus knéit, während eng Prëssioun am Hannergrond bei d'Klauskapell eropgeet. Op der anerer Säit hänkt e Bild mam Altor vun der Klauskapell.

Uergel

D'Uergel aus dem Joer 1878 gouf am Joer 2000 als Nationaalt Monument klasséiert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Trënteng

Klacken

Zu Trënteng lauden 3 Klacken:

  • Christus-Kinneks-Klack (1961 aus der Klackegéisserei Johannes Mark zu Brockscheid bei Daun, 1800 kg), eng Bourdonsklack am Toun Do Dièse
  • Immukulata-Klack (1890 aus der Klackegéisserei Fonderie F. & A. Caussard, Tellin/Colmar, gegoss, 1000 kg) am Toun Mi
  • Josephs-an Donatusklack (1961 an der Klackegéisserei Johannes Mark zu Brockscheid bei Daun gegoss, 800 kg) am Toun Fa Dièse

Paschtéier vun Trënteng

  • 1853 - 1862: Jacobus Kirpach
  • 1862 - 1867: Jo-Bapt. Scheer
  • 1867 - 1915: Michael Molitor
  • 1915 - 1920: Theodorus Bertrang
  • 1920 - 1933: Petrus Collignon
  • 1933 - 1949: Michael Theves
  • 1949 - 1963: Aloysius Biel
  • 1963 - 1976: Johannes Wey
  • 1976 - 1988: Jos Keilen
  • 1993 - 2000: Théophile Weirich
  • 01.01.-31.08.2001: Fränz Muller
  • 2001 - 2003: Théophile Weirich
  • 2003 - 2006: Marcel Groff
  • 2003 - 2010: Jean Flies
  • 2010 - 2017: Jean-Marie Belanga

Kuckt och

Um Spaweck

Biller

Referenzen