Kierch Fiels
D'Kierch an der Fiels ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Fiels gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
De Kierchtuerm | ||||
Uertschaft / Plaz | Fiels | |||
Par | Mëllerdall Saint-Michel | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Donatus | |||
Konsekratioun | 1862 | |||
Architekt(en) | Charles Arendt | |||
Baujoer | 1862 | |||
Koordinaten | 49° 47’ 2.5’’ N 06° 13’ 14.2’’ O | |||
![]() Parkierch vun der Fiels (2014) | ||||
Kierchen - Kapellen |

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.
D'Kierch steet op der Kräizung vun der Mierscherstrooss, dem CR118, mat der Miedernacherstrooss, der N14.
Se gouf den 2. Mäerz 2018 als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Fiels gehéiert och nach d'Fielsser Rochuskapell an d'Kapell vun Iernzen.
Geschicht Änneren
Den Hubert Victor de Roebé hat der Fiels d'Bauplaz vun der Kierch vermaach. Un hien erënnert e Panneau, dee lénks hannen an der Kierch ubruecht ass. D'Kierch gouf tëscht 1860 an 1862 no de Pläng vum Architekt Charles Arendt vum Entreprener Schergen vu Guedber am neogotesche Baustil gebaut. Déi barock Altär aus der Virgängerkierch goufen an di nei Kierch iwwerholl.
D'Molereien Änneren
D'Freskemolerei vun 1934 am Chouerraum ass vum Nicolas Brücher.
De Kräizwee Änneren
De Kräizwee am Nazarenerstil staamt vum Karl Georg Kaiser aus Stans an der Schwäiz.
D'Klacken Änneren
Am Joer 1888 huet d'Géisserei Causard / Dury vu Colmar fir déi Fielsser Parkierch dräi Klacke gegoss:
D'Marieklack Änneren
Se weit 1.180 kg, huet en Duerchmiesser vun 122 cm an ass 99 cm héich. Se laut um Toun Mi.
Op der Flank steet e Chronogramm: "HONORI BEATAE VIRGINIS CIVITAS RVpensIS PRAESIDE IOANNE KNAFF ME CONFLARI INGENIOSE CVRAVIT"
an hannendrop: "JOHANNE KANFF MAGISTRO CIVILE ET MATHIA SCHMIT PAROCHO"
drënner op engem gotesche Podest d'Maria an e Bëschof am Ornat.
D'Donatusklack Änneren
Se huet en Duerchmiesser vun 109 cm, eng Héicht vun 89 cm an e Gewiicht vun 815 kg. Se laut a Fa bémol.
D'Flankechronogramm: "HONORI BEATI DONATI RVPIS PATRONI ME CONFLARI CVRAVERVNT CIVES GRATI RVPENSIS
hannendrop: JOANNE KNAFF MAGISTRO CIVILI ET MATHIA SCHMIT PAROCHO
D'Péitrusklack Änneren
Déi klengst ass d'Péitrusklack mat engem Duerchmiesser vu 97 cm, enger Héicht vu 97 cm an engem Gewiicht vun 393 kg an engem Toun a Sol bémol.
Beim Flankechronogramm feelt en "M" fir 1.000: "PETRVS VOCOR PETRVS SCHARLE BENEFICUVS RVPENSIS CONFLARI INGENIOSE FECIT ECCLESIAE RVPENSI."
Op der Récksäit huet de Schmit en zweeten "t" ugehaange kritt: "JOANNES KNAFF MAGISTRO CIVILI ET MATHIA SCHMITT PAROCHO"
D'Klackebild weist e Kruzifix an d'Iwwerreechung vun den Himmelschlësselen un de Péitrus.
D'Statuen Änneren
Den Niklos Änneren
Hanne riets am Eck steet op engem Statuestänner un der Mauer eng Niklosstatu mat de Kanner an der Bidden.
Fënsteren Änneren
Eng vun de Fënstere gouf vum Nicolas Boes, dem Paschtouer an der Fiels vun 1891-1902, gestëft. Si gouf vum Atelier Linster geschaaft a stellt den Hl. Niklos duer; den Artist huet dem Hellegen d'Gesiicht vum éischte Lëtzebuerger Bëschof Nicolas Adames ginn. D'Kanner an der Bidden hunn d'Gesiichter vu Fielsser Kanner vun deemools.
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Kierch Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Fënstere vun der Kierch an der Fiels op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- D'Kierch Fiels an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
-
Molerei um Plaffong vun der Kierch
-
Den "De Roebé"-Panneau an der Fielsser Kierch
-
D'Kiercheportal mat der Statu vum Hl. Donatus driwwer
Referenzen Änneren
- ↑ Arrêté du Conseil de Gouvernement du 2 mars 2018.