Kierch Angelsbierg
D'Corneliuskierch zu Angelsbierg ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Fëschbech gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch vun Angelsbierg (2023) | ||||
Uertschaft / Plaz | Angelsbierg | |||
Par | Miersch Saint-François | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Cornelius | |||
Architekt(en) | Charles Arendt | |||
Baujoer | ëm 1885 | |||
Koordinaten | 49° 45’ 49.4’’ N 6° 9’ 31.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Cornelius, deem säi Fest de 16. September gefeiert gëtt.
D'Kierch steet an der rue de l'Église net wäit vun der Kräizung mam CR120 (rue de Beringerberg).
Den 11. Februar 2022 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Geschicht
ännerenD'Kierch zu Angelsbierg ass vum Charles Arendt ëm 1885 am neoromanesche Stil gebaut ginn. Si ersetzt e Virgängerbau vun ëm 1570, dee wéinst Baufällegkeet huet missen 1883 ofgerappt ginn. 1955/1956 an 1991–1994 goufen et gréisser Ëmbauaarbechten. D'barock Altär si warscheinlech aus dem Virgängerbau.[2]
Bis zum 7. Mee. 2017 huet d'Kierch zur Par Meesebuerg gehéiert, déi zum Parverband Miersch, zu der Pastoralregioun Zentrum an zum Dekanat Miersch gehéiert huet. Zur fréierer Par Meesebuerg huet ausser der Filialkierch vun Angelsbierg och nach d'Parkierch vu Meesebuerg gehéiert.
D'Fënsteren an der Kierch si vum Gustave Zanter.
Um Ducksall ass eng Uergel vun der Firma Westenfelder vu Lëntgen, déi zanter 1996 en Harmonium ersetzt, dat am 19. Joerhonnert vun der Famill vun Arenberg gestëft gi war.[2]
Virun der Kierch steet en aalt Weekräiz ouni Opschrëft (kuckt och d'Lëscht vun de Weekräizer).
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Angelsbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Miersch Saint-François
- D'Fënstere vun der Kierch vun Angelsbierg op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- D'Kierch Angelsbierg an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ 2,0 2,1 Ministère de la Culture, Service des Sites et Monuments: Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Kanton Mersch, Gemeinde Fischbach. Luxemburg 2018, S.135-136.