Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Cinematograph ass d'Persoun, déi fir d'Filme vu Film- oder Televisiounsproduktiounen, Museksvideoen oder Live-Evenementer verantwortlech ass. Zu sengen Aufgabe gehéiert déi gesamt Luucht- a bildatmosphäresch Gestaltung vum Film, inklusiv der Entscheedung iwwer d'Astellungen. De Cinematograph dirigéiert d'Kamera- an d'Beliichtungscrew.

Den US-amerikanesche Cinematograph Caleb Deschanel bei der Aarbecht

Et gëtt en Ënnerscheed gemaach tëscht dem Cinematograph, deen déi voll Verantwortung iwwer d'Filmgestaltung huet, an de Kameraleit, also dem Kameramann oder der Kamerafra, déi direkt hannert der Kamera setzen an den Uweisunge vum Cinematograph follegen. Am Däitsche ginn d'Begrëffer Kameramann a Kamerafra awer meescht als Synonym vum Cinematograph gebraucht, obwuel och heiansdo de Begrëff Kinematograf gebraucht gëtt.[1]

Aufgabe vun de Kameraleit änneren

 
Eng Kamerafra filmt e Concert um Rock um Ring (2013)

De Kameramann an d'Kamerafra sinn déi Persounen, déi direkt un der Commande vun der Kamera sinn a filmen. De Kameraleit hir Aufgabe leien am technesch-manuelle Beräich. Si ënnerstinn dem Cinematograph. Am Franséische gëtt dee Beruff cadreur, caméraman oder opérateur genannt, am Englesche camera operator.

Si filme Sport- a Live-Emissiounen, Fernseesendungen (eng Show zum Beispill), aktuell Berichterstattung oder änlech Formater wéi Reportagen, Filmer a Serien. D'Kameraleit si fir de Cadrage (en: framing) verantwortlech, dat heescht si definéieren d'Limitte vum Bildfeld vun der Kamera.[2] Och bei Fernsee- oder Filmproduktioune si Kameraleit am Asaz, si follegen den Uweisunge vum Cinematograph (bei gréissere Filmopnamen) oder vum Regisseur (bei méi klengen Opnamen, wéi bei der Televisioun oder Reklammen, bei deenen net ëmmer e Cinematograph am Asaz ass).[1][2]

Bei de Reportagen hunn d'Kameraleit méi Fräiheet. Si begleeden e Journalist an en Touningenieur. De Journalist gëtt zwar Uweisungen, mee de Kameramann oder d'Kamerafra ka proaktiv Iddie ginn an Astellunge virschloen.[2]

Aufgabe vum Cinematograph änneren

De Cinematograph huet de Kameraleit géigeniwwer eng iwwergeuerdent Roll. Dat spigelt sech an anere Sprooche widder, wou de Cinematograph dacks den Titel vum "Direkter vun der Fotografie" kritt - op Franséisch directeur de la photographie (oder och nach chef opérateur) an op Englesch director of photography (DOP), wat een als "Bildregie" oder "Bildgestaltung" iwwersetze kann. Vereinfacht gesot sinn d'Cinematographen also d'"Chefkameraleit".[1]

Cinematographe sinn un der filmesch-kënschtlerescher Bildgestaltung vun inzeenéierte Filmwierker aktiv, generell bei Kino- a Fernseefilmer a Serien. Hir Verantwortung läit an der Bildgestaltung vum Film, an enker Zesummenaarbecht mam Filmregisseur. Dat ëmfaasst déi kënschtleresch Gestaltung, mee och d'technesch Leedung bei der Filmproduktioun. De Cinematograph gëtt also Uweisungen un d'Kameraleit, mee och un d'Beliichtungscrew.[1]

De Filmregisseur an de Cinematograph ginn zesummen iwwer d'Dréibuch, a si entscheede, wéi eng Optik si dem Film wëlle ginn. De Cinematograph mécht da Recherche a schaaft déi Optik duerch d'Beliichtung, de Cadrage an d'Kamerabeweegungen, a muss wëssen, wat fir Material a mënschlech Ressourcen néideg sinn, fir dat hin ze kréien. Hie seet de Kameraleit, wéi eng speziell Beweegunge mat der Kamera néideg sinn, an huet d'Gesamtiwwersiicht iwwer alles, wat mat der Kamera ze dinn huet. Hie suergt dofir, datt all Opnam brauchbar ass, deelt mat, wann dat bei enger Opnam net de Fall ass. Zesumme mam Regisseur kuckt hie sech d'Réimaterial un a schafft och nach an der Postproduktioun vum Film mat.[3]

Zu den aktive lëtzebuergesche Cinematographe gehéieren de Carlo Thiel an den Narayan Van Maele.

Kuckt och änneren

Commons: Cinematographen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 kinematografie.org (Websäit vun der däitscher Cinemtographegesellschaft)
  2. 2,0 2,1 2,2 cinecreatis.net: Rôles et mission du cadreur (net datéiert; gekuckt den 29. Dezember 2021)
  3. screenskills.com: Director of photography (DoP) (net datéiert; gekuckt den 29. Dezember 2021)